Frankräich

Attack op franséisch Gesondheetsinfrastruktur: Ariichtunge fir Bluttspende betraff

No de Cyberattacken op Killaggregater wéi Frigoe vu Supermarchéen, ënner anerem och hei am Land, gëtt aus Frankräich elo esou eng Attack op eng Gesondheetsinfrastruktur gemellt. Betraff waren dräi Sitte vun Ariichtunge fir d’Bluttspenden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / dpa | Sven Hoppe play_arrow
(Foto: picture alliance / dpa | Sven Hoppe)

Dat Ganzt ass deemno virgëschter geschitt, wéi franséisch Medie mellen, an den “Établissement français du sang”, kuerz EFS, an engem Communiqué confirméiert.

Duerch séier Reaktioun keng Verloschter

De Virfall wier séier ënner Kontroll gewiescht, ouni datt en zu gesondheetlechen Auswierkunge gefouert hätt. D’Anomalië wieren duerch d’Iwwerwaachungs- an Alarmsystemer vum "Établissement français du sang" séier erkannt ginn, soudatt keng Verloschter ze verzeechne waren. 

Deemno waren net nëmme Supermarchéë vun der mysteriéiser Cyberattack op Killaggregater betraff. D’Ariichtunge fir Bluttspenden hate quasi zäitgläich gemellt, datt ee vun hiren Déngschtleeschter fir Killanlagen Affer vun engem Cybersécherheetsvirfall gouf.

+110 amplaz -30 Grad

D’Iwwerwaachungs- a Steierungsanlage vun de Killraim wieren op dräi regionale Sitte vun de franséische Bluttspender gestéiert gewiescht. D'Temperatur goung doduerch zolidd an d’Luucht, vun u sech minus 30 Grad op plus 110.

Déi betraffe Killanlage wieren entweder ënner Kontrolle bruecht oder ausser Service gesat ginn. D'Produite goufen iwwerdeems preventiv anerwäerts verluecht.

An deene Killraim waren ënner anerem Plasma-Sachete fir Transfusioune gelagert. An de franséische Bluttspender-Zentere gouf d’Sécherheet doropshin iwwerall verstäerkt.

Och Smarthomes kéinten Affer vun esou Cyberattacke ginn, huet de Chaos Computer Club Lëtzebuerg am 100,7-Interview erkläert. Et wier deemno extreem wichteg, reegelméisseg Updates duerchzeféieren. 

Lauschterenplay_arrow