Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
opus

/ Automobilisten zu Lëtzebuerg stoungen zejoert 2 Deeg am Stau

Stadt Lëtzebuerg kënnt an Top 100

Automobilisten zu Lëtzebuerg stoungen zejoert 2 Deeg am Stau

Zu Lëtzebuerg stoungen d‘Automobilisten d‘lescht Joer iwwer zwee Deeg laang am Stau. Dat ergëtt den neie "Global Traffic"-Rapport vum Institut Inrix, deen all Joer erauskënnt. 

auto_stories

1 min

Autoen am Stau | © Bigstock / weyo
Foto: Bigstock / weyo

D‘Stad Lëtzebuerg kënnt domat an d‘Top-100 vun de Stied op der Welt, wou et de meeschte Stau gëtt. An der Moyenne stoungen d‘Automobilisten zu Lëtzebuerg d‘lescht Joer 55 Stonnen am Stau, dat sinn nach emol 2 Prozent méi wéi d‘Joer virdrun.

Op den éischte Plazen, wou d‘Leit also am meeschten am Stau halen, sinn Istanbul, New York, Chicago, London, Mexiko-City a Paräis, mat ëm déi 100 Stonnen.

D‘Stad Lëtzebuerg läit mat iwwer zwee Deeg bei Stied, wéi Guildford oder Harlow an England, Hamburg oder Vitrolles.