Sport

Awards Night 2026: sportspress.lu gëtt Nominéierunge fir Sportler:in vum Joer bekannt

D'sportspress.lu huet déi Nominéiert fir d'Awards Night bekannt ginn. Do gëtt den 3. Dezember ënner anerem de beschte Lëtzebuerger Sportler an déi beschte Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer geéiert. Do donieft och nach déi bescht Ekipp an de beschten Trainer. 

auto_stories

1 min

Leandro Barreiro, Ruben Querinjean, Patrizia van der Weken, Ni Xia Lin | © picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch / OLIVIER HOSLET / EPA / ANDRES MARTINEZ CASARES / picture alliance/dpa/Manfred Schillings | Manfred Schillings
Leandro Barreiro, Ruben Querinjean, Patrizia van der Weken, Ni Xia Lin (Foto: picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch / OLIVIER HOSLET / EPA / ANDRES MARTINEZ CASARES / picture alliance/dpa/Manfred Schillings | Manfred Schillings)

Nominéiert sinn ënner anerem d'Gewënner vum leschte Joer Patrizia van der Weken a Ruben Querinjean. Béid sinn an der Liichtathletik aktiv. Och d'Ni Xia Lin, déi mat 63 Joer bei der Dëschtennis-EM op sech opmierksam gemaach huet, ass nees dobäi. 

Prix Sport et Handicap geet un d'Liz Conzemius

Och Prix spéciauxen ginn dëst Joer verginn, an déi sinn och scho bekannt. De Bob Scholtes kritt beispillsweis de Prix Ultrasport fir seng Performancë beim LastSoulUltra an de Green Loop Backyard. Dëst sinn extreem Lafdisziplinnen. De Präis Sport et Handicap geet un d'Blannentennisspillerin Liz Conzemius. 

Fannt hei all déi Nominéiert a Gewënner op ee Bléck