De J.S.Bach ass weltwäit ëmmer nach ee vun deene meescht representéierte Komponisten an eise Concertshaiser. An hei zu Lëtzebuerg ass elo decidéiert ginn, dem Johann Sebastian Bach eng nei, zentral Plattform ze bidden. Ënner anerem fir 'Bach in the Subways' kéint dat eng Erweiderung erméiglechen. Mee och un neien Iddie feelt et net, wéi d'Grënner Rosch Mirkes, Arend Herold an Noah Mayer am Gespréich mam Christophe Mirkes verroden hunn.