Dësen Donneschden heescht et hei am Land erëm “Bach in the Subways”. Ee ganzen Dag vu Moies 8 Auer bis Owes spéit ginn et am Ganze 36 Mini-Concerten an der Stad an um Kierchbierg, mat iwwer 100 Musekerinnen a Museker. Am Mëttelpunkt steet d'Musek vum Johann Sebastian Bach, deen den 31. Mäerz Gebuertsdag feiert. Organiséiert gëtt dëse Mini-Festival vum INECC (Institut Européen de Chant Choral) zesumme mam Ensembel Ad Libitum. Den Direkter vum INECC Arend Herold, verréit dem Marie Schockmel all Detailer iwwert de grousse Programm vu muer.