Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Béla Bartók - Rumänische Volkstänze, I. Jocul cu bâta - Linus Roth (Gei), José Gallardo (Piano)

play_arrow Live
search

/ Bach nei erliewen

Klassik Aktuell

Bach nei erliewen

E Mëttesconcert mat Explikatioune fir dem Bach seng Sonate fir Gei an Cembalo ze entdecken.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Cembalistin | © Ines Rebelo de Andrade play_arrow
Anne-Catherine Bucher (Foto: Ines Rebelo de Andrade)

Muer de mëtte, (de 19.Dezember um 12h30) kann ee seng Mëttesstonn an der Philharmonie mat Barockmusek verséissen. Um Programm stinn zwou Sonate fir Cembalo a Gei vum J.S.Bach.
De Christophe Mirkes huet bei der Cembalistin Anne-Catherine Bucher nogefrot, wat dëse Programm ausmécht a firwat si sech zesumme mam Geiist Jesús Merino Ruiz grad déi éischt zwou Sonaten aus dem Bach sengem Zyklus vun insgesamt 6 Sonaten (BWV 1014-1019) rausgesicht huet.

Lauschterenplay_arrow