Den Orchestre de Chambre du Luxembourg start mat vill Premièren a seng 50. Saison: Déi Lëtzebuergesch Uropféierung vun der Katarina Leyman hirem Wierk 'Roller Coaster: Super 8' steet um Programm, d'Dirigentin Chloé van Soeterstède mécht hiren Debut mam Orchester a mat der Solistin Alena Baeva.
De Christophe Mirkes huet déi zwou Artistinne getraff a porbéiert erauszefannen, wéi gutt d'Alena Baeva an d'Chloé van Soeterstède scho virun hirer éischter Prouf mateneen harmonéieren...