De Wunnengsmarché zu Lëtzebuerg dréint nees méi roueg nom exceptionellen Héich 2025.
Präisstabilitéit zënter 2024
Bei neien Appartementer ass et eng Baisse vun 2,5 Prozent, bei bestoenden Appartementshaiser eng vun 0,6 Prozent. Haiser, déi scho gebaut sinn, sinn ëm 3,7 Prozent am Präis erofgaangen. Béides am Verglach mam zweeten Trimester vun zejoert.
Am Verglach mam éischten Trimester 2026 ass de Präisindex insgesamt liicht geklommen. Dat ëm eppes iwwer 1 Prozent. Domat géif sech d'Präisstabilitéit um Wunnengsmarché, déi sech schonn zënter 2024 ofzeechent, weider verfestegten.
Ventë ginn awer och zeréck
Bei de Ventë goufen et am zweeten Trimester e Plus vun iwwer 8 Prozent bei den Appartementer par rapport zu den éischte sechs Méint dëst Joer. Am Verglach mam Referenzzäitraum ass et awer eng Baisse vun iwwer 33 Prozent.
Beim Neibau dréinen d'Venten nach méi lues. Hei ass et eng Baisse vun iwwer 35 Prozent am Verglach mat 2025. Och bei der Ventë vun Haiser ginn d‘Zuele liicht erof.
Meterkaree variéiert staark no Standuert
De Präis op de Meterkaree variéiert awer ëmmer nach zolidd jee no Regioun respektiv der Zort vu Logement. Wat méi wäit ee vun der Stat Lëtzebuerg ewech ass, wat Präisser méi niddreg ginn.