Radioen

On air

Notturno  |  Leonid Desyatnikov - "Wie der Alte Leiermann..." - Aylen Pritchin (Gei), Lukas Geniusas (Piano)

play_arrow Live
search

/ Beethoven, der Europäer

KLASSIK AKTUELL

Beethoven, der Europäer

Les Amis du Chant, de JAC-Trio an de Michael Töpel weisen eng onbekannte Säit vum Beethoven mat enger Selektioun un europäesche Lieder.

auto_stories

32 min

headphones

9 min

Komponist | © (c) René Scho play_arrow
Michael Töpel (Foto: (c) René Scho)

De Beethoven ass bekannt als en ongezügelte Komponist, deen energesch Wierker mat wëllen, onerwaarten Akzenter a groussen Akkorde geschriwwen huet.

Mam Concert ‘Beethoven, der Europäer’ bréngen de JAC-Trio a ‘Les Amis du chant’ ënner anerem eng Selektioun aus dem Beethoven senge ‘Schottische Lieder’ a ‘Lieder verschiedener Länder’ op d’Bün. Domat erlieft een de Beethoven ganz anescht wéi mat senge bekannte sinfoniesche Wierker. D’Konzeptioun huet den däitsche Komponist Michael Töpel gemaach an de Christophe Mirkes huet sech mat him iwwert dëse Programm ënnerhalen.

De Concert ass de 24. Mäerz Nomëttes um 5 Auer am Syrkus zu Roodt-Syr.

Lauschterenplay_arrow