Ënner dem Titel "Beethoven und seine Zeitgenossen" gëtt e Portrait vum Bonner Komponist anhand vu Bréiwer a Kompositioune vu senge Zäitgenosse am Cube 521 zu Maarnech gezeechent. D'Geiistin Sandrine Cantoreggi erkläert am Gespréich mam Marie Trussart firwat de Beethoven grad am Europa vun haut nach esou wichteg ass a fir si e wichtegen Unhaltspunkt bleift.
Tëschent deenen eenzelne Wierker liest d’Schauspillerin Brigitte Urhausen och Bréiwer vir, déi dem Beethoven säi Liewen an de Kontext setzen. D'Schauspillerin ass och Spriecherin, ënner anerem bei Arte a bei der ARD. Si verréit wiem dem Beethoven seng Zäitgenosse waren, ob de Komponist elo wierklech esou granzeg war, wéi en ëmmer duergestalt gëtt, an ob si e Sonnden éischter als Spriecherin, als Schauspillerin, oder als eng Mëschung vu béide Rollen optriede wäert.
