Hie wier frou gewiescht, datt esou erfuere Museker wéi de laangjärege Konzertmeeschter vun de Lëtzebuerger Philahrmoniker, de Philippe Koch an de Pianist Johan Schmidt hie gefrot hätten, e Concert ze spillen. Zesumme mat béide Museker interpretéiert den Cellist Stéphane Giampellegrini e Sonndeg, 10. November zu Buerglënster am Schlass Pianostrioen vum Ludwig van Beethoven, Sergei Rachmaninoff a Felix Mendelssohn.
De Luc Boentges huet mam Cellist iwwer de Programm an de Kader vum Concert geschwat.
Méi Detailer iwwer de Concert fannt dir hei.