Beneluxdag op der Plëss

Benelux-Staate wëllen och an Zukunft eng Grenzsécherung ouni Kontrollen

D'Benelux-Staate wëllen hir Grenzen och an Zukunft zesumme sécheren, ouni awer Kontrollen anzeféieren. De Generalsekretär vun der Benelux-Unioun, den hollännesche Politiker Frans Weekers, huet betount, wéi wichteg déi fräi Persounenzirkulatioun och am Schengeraum wier.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Benelux-Dag op der Place d'Armes | © Pit Beffort play_arrow
Benelux-Dag op der Place d'Armes (Foto: Pit Beffort)

Um Beneluxdag gouf de Moien op der Place d'Armes an der Stad de 65. Anniversaire vun der fräier Persounenzirkulation am Benelux-Raum gefeiert. D'Benelux-Staate wéilten d’Kriminalitéit weiderhin ouni Grenzkontrolle bekämpfen. Dofir wier de Police-Traité tëschent Lëtzebuerg, der Belsch an Holland esou wichteg. Dësen Traité géif et der Police erlabe grenziwwergräifend ze schaffen, esou de Generalsekretär vun der Benelux-Unioun Frans Weekers. 

"C'est crucial dans la lutte contre la migration illégale, la traite des êtres humains et la criminalité transfrontalière. Car les réseaux criminels ne respectent pas les frontières, et nous ne devons pas le faire non plus. Nous cherchons des solutions intelligentes. Ne revenons pas aux contrôles frontaliers d’autrefois, soyons plus intelligents et plus efficaces. Montrons que la coopération est plus forte que la division."

Den Traité iwwert d’Kooperatioun vun der Police am Benelux-Raum war viru bal zwee Joer a Kraaft getrueden.

Lauschterenplay_arrow