Radioen

On air

Notturno  |  Camillo Schumann - Sonat fir Cor Nr.2 a Ré Majeur, Op. Posth, I. Andante Sostenuto - Allegro Con A - Leo Halsdorf (Cor), Kae Shiraki (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Benjamin Netanjahu hält u Buedemoffensiv op Rafah fest

Noen Osten

Benjamin Netanjahu hält u Buedemoffensiv op Rafah fest

Trotz internationalen Appeller un Israel, keng Buedemoffensiv op d‘Stad Rafah ze lancéieren, sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu, hie géif un där geplangter Offensiv festhalen. Anescht wier de Kampf géint d‘Hamas net ze gewannen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

D‘UNO huet virun enger weiderer humanitärer Katastroph gewarnt. Zu Rafah, un der Grenz mat Ägypten, halen sech eng geschaten 1,5 Millioune Palestinenser op, déi vun anere Plazen an der Gazasträif, ewéi Gaza City oder Chan Yunis, dohinner geflücht sinn. Israel seet, et wieren Evakuatiouns-Route fir d‘Zivil-Populatioun en place gesat ginn.

Hënt hätt Israel Ziler an der Géigend vu Rafah bombardéiert. Op d‘mannst 48 Leit wieren dobäi ëm d‘Liewe komm, sou déi palästinensesch Autoritéiten.

Israel huet eegenen Aussoen no zwou israeelesch Geiselen zu Rafah befreit. Déi zwee Männer vu 60 a 70 Joer wiere bei gudder Gesondheet, esou déi israeelesch Arméi.