Firwat ass Lëtzebuerg beim Benjamin Netanjahu senger Ried zu New York sëtze bliwwen?
Dosenden Delegatiounen hunn de Raum verlooss wou den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu virun der UN-Vollversammlung ugefaangen huet mat schwätzen. Déi palästinensesch Delegatioun hat heizou opgeruff. D‘Lëtzebuerger Delegatioun huet sech net un deem Protest bedeelegt.
Philip Crowther, Xavier Bettel (Foto: Lëtzebuerger Ausseministère)
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet seng Politik virun der UN-Vollversammlung verteidegt. Dat esouwuel a Bezuch op de Krich an der Gazasträif, wéi och géint den Iran. Déi Länner, déi Israel Vëlkermord virgeheien, géifen déi gréisste Lige vum Joerhonnert verbreeden.
Firwat ass Lëtzebeurg sëtze bliwwen?
Den DP-Ausseminister Xavier Bettel sot am 100,7 Interview zu New York, d’Lëtzebuerger wiere bei der Ried vum israeelesche Premier sëtze bliwwen, well dat esou um europäeschen Niveau koordinéiert gi wier.
Et wiere virun allem arabesch Länner, déi aus dem Sall erausgaange sinn. Lëtzebuerg hätt awer gekuckt, d'Delegatioun esou niddreg wéi méiglech ze besetzen.
“Also net béis gemengt elo fir de Beamten, deen dobanne souz, mee mir wollten net den héchsten Niveau besetzen. Esou konnte mir op d'mannst e Rapport kréien an eppes driwwer schreiwen.”
D’Spuenier wieren zwar net am Sall gewiescht, esou den Ausseminister, mee et schéngt wéi wa si och scho virdrun net do gesiess hätten.
Xavier Bettel war net am Sall
De Xavier Bettel selwer hätt zu deem Zäitpunkt, wou de Benjamin Netanjahu virun der UN-Vollversammlung geschwat huet, eng aner Reunioun gehat.
Op d’Fro, ob hien opgestanen a gaange wier, wann hien am Sall gewiescht wier, sot den DP-Politiker, et hätt keng grouss Wierkung wann eng Persoun eleng de Sall verléisst.
“Ech fannen, dat ass déi Decisioun, déi ass besser, et ass jo méi Impakt, wann een zesummen erausgeet. Wann ech do eleng erausginn, da kritt keen et mat. “
Wann da wier hie léiwer zesummen mat déi 27 EU-Länner opgestan a gaangen. Esou Aktioune misst ee coordinnéiere fir méi Impakt ze hunn.
Palästinensesche President huet kee Visa kritt
De palästinensesche President Mahmud Abbas war net bei der UNO-Vollversammlung zu New York dobäi. Dat, well hie kee Visa kritt huet. De Mahmud Abbas huet Israel reprochéiert, ee Genozid géint déi palästinensesch Bevëlkerung ze begoen.
De Benjamin Netanjahu nennt dat jo déi gréisste Lige vum Joerhonnert. Ugeschwat op dës Remarque sot de lëtzebuergeschen Ausseminister, datt e Geriicht misst tranchéieren, ob et sech ëm e Genozid handelt oder net. Politiker:innen kéinten dat net decidéieren.
“Et si Crimmen, dat steet fest. Ob et elo zum Beispill e Crime de guerre ass, ob et e Genozid ass ... Ech hunn dat net gär, well dat fir mech eng Interpretatioun ass an eng, déi vun de Geriichter sollt gemaach ginn.”
Wat den Ament an der Gazasträif geschitt wier awer wäit fort vun engem Kavaléiersdelikt. An egal wéi een et nennt, et dierf net esou weidergoen.
Virum UNO-Gebai zu New York gouf och manifestéiert. Dosende Leit si festgeholl ginn, ënner hinnen d‘Actrice Susan Sarandon.
Demonstratioun virum UN-Gebai zu New York wärend dem israeelesche Premier Benjamin Netanjahu senger Ried virun der UN-Vollversammlung (Foto: EPA/GABRIEL PEVIDE)
UNO-Rapport: Schlëmmsten ekonomesch Kris jeemools
An der Gazasträif gëtt et aktuell déi schlëmmsten ekonomesch Kris, déi weltwäit jee observéiert gouf. Dëse Message huet gëschter eng Agence vun der UNO publizéiert.
Am israeelesche Krich an der Gazasträif sinn 73.000 Leit ëm d‘Liewe komm, wéi et am Rapport heescht.