Lokal

Bierchem: Affer op eng Plaz gelackelt an da vun dräi Persoune bedreet a beklaut ginn

De Parquet mellt e Fall vun engem Vol mat Gewalt. D‘Affer war e Samschdeg am fréien Owend zu Bierchem op eng Plaz gelackelt ginn, wou dräi Persoune gewaart hunn. Si hunn hiert Affer mat engem Messer bedreet an him Saache geklaut.

auto_stories

1 min

D‘Police konnt déi presuméiert Täter identifizéieren. Zwee sinn der an Tëschenzäit festgeholl ginn. No deem Drëtte gëtt nach gesicht. Bei hinne goufen och déi geklaute Saache fonnt. Et handelt sech ëm zwee Mannerjäreger vu 16 a 17 Joer.

Wéinst der Gravitéit vum Iwwerfall, de Menacë mat engem Messer an der exzessiver Gewalt, huet de Parquet decidéiert, datt d‘Mineuren an d‘UNISEC placéiert ginn. Zu Dräibuer war awer keng keng Plaz. Dofir koumen déi zwee presuméiert Täter an den Erwuesseneprisong op Schraasseg.

Ee vun deenen zwee war schonn zu Dräibuer placéiert, war awer vun do fortgelaf.