Den Nik Bohnenberger ass zanter Ufank vum Joer de neien Artistic Manager vum Ensemble Recherche. Zoustänneg ass hien ënner anerem fir d'Plange vum Programm, esou wéi fir d'Entwécklung vu neie Konzepter a Formater. De Komponist iwwerhëlt d'Plaz vum Paul Clift dee bis am Summer 2024 fir d'Tâche zoustänneg war.
Wéi den Ensembel an engem Communiqué matdeelt, wéilt den Nik Bohnenberger déi kënschtleresch Identitéit vum international unerkannten Ensembel zesumme mat de Musekerinnen a Museker stäerken. Dofir géif hie gären dem Ensembel seng laangjäreg Erfarung notzen an en oppenen Austausch mat der zäitgenësseger Musekszen encouragéieren. Gläichzäiteg huet hie wëlles, och weiderhin wichteg Impulser fir déi aktuell gesellschaftlech Entwécklungen ze fërderen.
1000 Uropféierungen
De Freiburger Ensemble Recherche gëtt et zanter 1985 a besteet aus néng internationale Solistinnen a Solisten. De Kollektiv ass bekannt fir seng Experimenter am Beräich vun der Neier Musek. Si hu bei iwwer 1000 Uropféierungen an deene leschten dräi Jorzéngte matgewierkt a ronn 60 Alben opgeholl. Ënner anerem hat den Ensemble Recherche Optrëtter am Concertgebouw, an der Elbphilharmonie esou wéi bei Tournéeën a Concertshaiser an Nord- a Südamekika an Asien.
E Komponist aus Lëtzebuerg
De Nik Bohnenberger huet ënner anerem Cor, Piano a Gesang, esou wéi Kammermusek, Harmonie a Kontrapunkt am Stater Conservatoire geléiert. Hien huet Musekspedagogie a Kompositioun op der Universität der Künste Berlin studéiert. Zanter 2010 ass hien als Komponist aktiv a kritt regelméisseg Commanden vun Ensemblen an Orchesteren wéi d'Kammerata Luxembourg, Estro Armonico oder och de Staatstheater Kassel.
Seng Kompositioune goufe schonn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, United Instruments of Lucilin an och am Ausland vum Brandenburgischen Staatsorchester Frankfurt-Oder interpretéiert. Eng vu senge rezente Kompositiounen, TRUC MACHIN gouf leschte Summer am IRCAM zu Paräis opgefouert. De Nik Bohnenberger ass zudeem och Matgrënner vum zäitgenëssege Berliner Kollektiv Unruhe.