Dëst Joer stoung bei der offizieller Zeremonie an der Philharmonie ronderëm Nationalfeierdag e besonnescht Stéck um Programm. Virun e puer Joer gouf an der Nationalbibliothéik nämlech eng bis ewell onbekannt Versioun vun der Heemescht vum Jean-Antoine Zinnen fonnt. Den Ivan Boumans huet dës Versioun fir d'Zeremonie adaptéiert. Am Gespréich mam Maurice Molitor verréit hien, wéi et dozou komm ass, wéi hien sech d'Aarbecht am Kader vum Stéck "Let's Go ESC" mam Gesorges Sadeler gedeelt huet a wéi et sech ufiilt, fir d'éischte Kéier bei der offizieller Zeremonie ronderëm Nationalfeierdag d'Direktioun z'iwwerhuelen.