Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Joseph Lanner - Cerrito-Polka, Op. 189 - Ensemble Wien

play_arrow Live
search

/ Brahms Plus

KLASSIK AKTUELL

Brahms Plus

Wat verstoppt sech hannert dem 'Plus'? Et ass en neit Wierk vun der Komponistin Tatsiana Zelianko.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

© Morgane Weidig / 2024 play_arrow
(Foto: Morgane Weidig / 2024)

D'Kammerata Luxembourg spillt de Mëttwoch, den 31. Januar, an der Philharmonie e Concert mam Titel 'Brahms Plus'. Um Programm steet déi éischt Serenade vum däitsche Romantiker. An der éischter Concertshallschent kritt een de 'Plus' ze héieren: Stravinsky an Zelianko. 'Envol' fir Nonett, vun der wäissrussescher Komponistin Tatsiana Zelianko, déi schonn zanter 2008 zu Lëtzebuerg lieft, gëtt uropgefouert.

De Marc Jacoby, President vun der Kammerata Luxembourg, an d'Tatsiana Zelianko waren am Interview beim Christophe Mirkes fir méi iwwert de Programm vum Concert an der Philharmonie ze verroden.

Lauschterenplay_arrow