Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Franz Doppler - Mazurka de Salon, Op. 16 - Claudi Arimany (Flütt), Marta Gulyas (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Brand an Nordmazedonien: Och Lëtzebuerger Air Rescue am Asaz

EU-Protection-Civile

Brand an Nordmazedonien: Och Lëtzebuerger Air Rescue am Asaz

Nom katastrophale Brand an enger Disko an Nordmazedonien mat op d'mannst 59 Doudegen an 150 Blesséierte leeft elo och internationale Support. 51 Affer goufen an d‘Spideeler an d'Ausland geflunn. 

auto_stories

1 min

Den Air Rescue Helikopter war zu Léck am Asaz. | © LAR
Den Air Rescue Helikopter war zu Léck am Asaz. (Foto: LAR)

Och d'Lëtzebuerger Air Rescue war mat engem Helikopter am Asaz an huet 4 Patienten an d'Ausland geflunn. Zwee an Ungarn an zwee a Kroatien, wéi vum Innen- an Ausseministère matgedeelt gouf.

Lëtzebuerg huet nieft anere Staaten, am Kader vum EU-Protection-civile-Mechanismus, direkt no der Brandkatastroph Hëllef ugebueden.