EU-Sommet

Bréissel stäerkt dem Wolodymyr Selenskyj de Réck - Dee fuerdert weider 70 Milliarden

No der Kritik aus den USA krut den ukrainesche President zu Bréissel um EU-Sommet de Réck gestäipt. D’Staats- a Regierungscheffen hätten him hire Support zougeséchert, esou de Selenskyj virun der Press. Hien huet och eng zousätzlech 70 Milliarden Euro vu sengen europäeschen Alliéierte gefuerdert.

auto_stories

1 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

De Krich géif d‘nächst Joer 155 Milliarden Euro kaschten an d‘Ukrain bräicht dofir nach op d‘mannst 70 Milliarde vun der EU, esou den ukrainesche President virun de 27-EU Staats- a Regierungscheffen. Konkret Zousoe goufen et dofir um Sommet awer keng.

Wier ee mat den USA a Kontakt

Trotz de Spannungen tëscht Kiew a Washington wieren ukrainesch Offizieller a permanentem Kontakt mat den Amerikaner, an en eventuellt Treffe kéint an de nächsten Deeg sinn, esou nach de Wolodymyr Selenskyj.