Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Joseph Lanner - Cerrito-Polka, Op. 189 - Ensemble Wien

play_arrow Live
search

/ Bruckner 2

KLASSIK ALBUM VUN DER WOCH

Bruckner 2

Et ass déi lescht Fassung, vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester 'Philharmonie Festiva' opgeholl huet.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Firwat déi lescht Fassung?

De Bruckner ass bekannt dofir, seng Sinfonien ëmmer nees iwwerschafft ze hunn. Och bei der Nummer 2 ass dat de Fall. Nodeems an engem éischte Schrëtt d'Instrumentéierung, an an engem zweete Schrëtt d'Form  iwwerschafft goufen, ass dës lescht Fassung aus dem Joer 1877 e verhältnesméisseg kompakt Wierk. Soumat ass dës Opnam e gudde Choix als éischten Disk vum Bruckner sengem 200.Jubiläumsjoer.

 

E richtege Bruckner-Interpret

Den Dirigent Gerd Schaller huet 2011 säi Projet BRUCKNER2024 an d'Liewe geruff. Ziel ass et fir all d'Sinfonië vum éisträichesche Romantiker, an all hire Fassungen opzehuelen. Dësen Disk, mat der zweeter Sinfonie ass also Deel vun engem groussen Zyklus.

An déi sougenannte 'Pausensinfonie' gouf an der Kierch vun engem Klouschter zu Ebrach, a Bayern, opgeholl. Den Hall ass, wéi den Dirigent selwer seet, wichteg fir déi Spannungspausen ze markéieren. Och wann den Hall fir deen een oder anere kéint bëssen ze staark sinn, spillt den Orchester 'Philharmonie Festiva' mat grousser Transparenz. Déi vill Stëmmen aus deenen eenzelnen Instrumentegruppen, déi a verschidde Passagen all zesummekommen, sinn däitlech a Schichten erauszehéieren. Doduerch ass dës Interpretatioun weder iwwerlueden, nach schwéierfälleg, an awer energesch a stramm am Toun, do wou et gefuerdert ass.

De Luc Boentges huet sech mam Christophe Mirkes iwwer dës Produktioun ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow