Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, I. Soubrette Song - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ De Buergermeeschter vu Wäiswampech Claude Daman trëtt zeréck

National Politik

De Buergermeeschter vu Wäiswampech Claude Daman trëtt zeréck

D’Gemeng Wäiswampech dierft geschwënn een neie Buergermeeschter kréien: De Buergermeeschter vun der Majorzgemeng Claude Daman huet säi komplette Réckzuch aus der Politik d’lescht Woch ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Foto: Commune de Weiswampach

An der Gemengerotssitzung vum 3. September huet den 43 Joer ale Claude Daman erkläert, datt hie säi politescht Amt net mat sengem Beruff a senger Famill zäitlech arrangéiert kréich. Hie wëllt op sengem Poste bleiwen, bis een Nofollger designéiert wier, huet den Nach-Buergermeeschter an der Sitzung erkläert.

De Claude Daman huet eis de Mëtteg op Nofro säi Réckzuch confirméiert. Hien ass Eisebunner a Papp vun zwee Kanner.

Bei de Gemengewalen am Juni d’lescht Joer hat de Claude Daman déi meeschte Stëmme kritt: Hie war den Nofollger vum Henri Rinnen ginn, deen 28 Joer laang Buergermeeschter vu Wäiswampech war.

D’Gemeng Wäiswampech am Kanton Klierf huet knapp 2.500 Awunner.