Radioen

On air

Notturno  |  Georg Philipp Telemann - Concerto an Do, LV 136 no TWV 52 - Kei Koito (Uergel)

play_arrow Live
opus

/ C'est Karma: "How to Peel An Orange" - Eemol mat alles

Album vun der Woch

C'est Karma: "How to Peel An Orange" - Eemol mat alles

Op hirem Debutalbum verbënnt déi Lëtzebuerger Musekerin C’est Karma Gesellschaftskritik mat nostalgesche Kandheetserënnerungen a kleet se an danzbar elektronesch Sounds.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow

“How To Peel An Orange” huet d’Karma Catena alias C’est Karma hiren Debutalbum gedeeft. Den Titel verweist op eng vun hire léifste Kandheetserënnerungen: Wéi si dacks mat hirer Groussmamm an hire Grousstattaen an der Sonn souz an déi ënnerschiddlech Generatiounen zesummen Orangë geschielt a giess hunn. Et géif keng richteg oder falsch Manéier ginn, eng Orange ze schielen, mengt déi 22-järeg C’est Karma. Jiddereen hätt seng eegen Aart a Weis, déi ee sech dann och géif an der Famill weiderginn.  

Däischter an elektronesch Sounds

Wien elo hannert deem ganz bildlechen Titel eng nostalgesch gefierfte Plack erwaart, dee gëtt enges Bessere beléiert. Op “How To Peel An Orange” dominéiere ganz direkt, an deelweis esouguer nawell däischter, elektronesch Sounds, déi u Björk, Fever Ray oder Caroline Polacheck erënneren. Interessant dobäi ass, datt all Titel sech an enger anerer Nisch ariicht.

“Handlebar” zum Beispill gehéiert an de Club, oder villäicht op d’Bün vum ESC. “Street Signs” geet a Richtung Dream Pop. D’Single “Hearts On Windows” kéint och vun Taylor Swift-Produzent Jack Antonoff geschlaff gi sinn, a bei “EmoTrax”, dat zu Montreal mat der Produzentin Sineila entstanen ass, pëspert d’Stëmm wärend Bäss grommelen.

Feministesch an anti-rassistesch Bléckpunkter

Eng Konstant ass awer déi kloer Positioun, déi d’Kënschtlerin op hirem Debut bezitt. Am moderne Fado “Maria João” interpretéiert C’est Karma den traditionelle Genre zesumme mam portugiseschen Duo Fado Bicha aus engem queeren, feministeschen an anti-rassistesche Bléckpunkt. Den Titel “Got It” behandelt d’Theema Transphobie, a wier geduecht als “Mëttelfanger géint d’Terfs”. TERF steet fir “trans-exclusionary radical feminist”, also Feministen a Feministinnen, déi Transfraen net als Fraen unerkennen. Prominent Beispiller wieren d’Harry-Potter-Autorin J.K. Rowling, oder déi däitsch Publizistin Alice Schwarzer.

Nëmmen eent vun de Lidder op “How To Peel An Orange” huet méi wéi dräi Minutten. D’Format ass kuerz a knapp, an awer geschitt op ganz begrenztem Raum immens vill. Verschidde Beats leeë sech iwwert eneen, Melodië kräize sech a kommen sech och emol an d’Queesch. Produzéiert huet C’est Karma zu Lissabon mat der Margo W., zu Hamburg mam Duo Valentin Hebel a Sebastian “Muxi” Muxfeldt, an zu Montreal mat der Produzentin Sineila.

Ëmmer méi Synthesizer-Sounds

D’Karma Catena verfriemt hir Stëmm op hirem Debut duerchgängeg mat Hëllef vun engem Vocoder, wat d’Oueren deemno wéi kann eng Grëtz dronke maachen. Eleng de franséischen Titel “Quand je serai grande” ass méi akustesch gehalen, mat senger Chanson-Struktur an den a Watt gewéckelte Pianos-Akkorden. Hei héiert een och déi schéin Zeil: “Je chante mon passé / qui maintenant a des pieds / qui courent derrière moi pour me capturer.”

An der Vergaangenheet leien och der C’est Karma hir Ufäng als méi folkeg Singer-Songwriterin, un déi op “How To Peel An Orange” kaum méi eppes erënnert. An der Pandemie, an notamment um 100,7-Sampler “Schlofzëmmerbléck”, huet C’est Karma ugefaange méi mam Synthesizer ze schaffen. Artistinne wéi SOPHIE oder Charli XCX hunn si an der Iwwerzeegung bestäerkt, datt Musek ka poppeg an agängeg sinn, ouni dofir gläichzäiteg onbedéngt glat a gefälleg ze kléngen.  

Debutalbum ouni Label 

Datt C’est Karma grouss Ambitiounen huet, dat verstoppt si net. Den éischte Saz vum éischten Titel op hirem Debut ass dann och: “I wanna be a superstar”. Si huet ganz fréi verstanen, wéi de Museksbusiness aktuell funktionéiert, an datt den Image an d’Geschicht, déi ee sengem Publikum erzielt, genee esou vill Gewiicht huet wéi d’Musek selwer.

Gläichzäiteg ass si sech awer och bewosst, wéi wichteg et ass, d’Kontroll iwwer säin Image a seng Musek ze behalen. Dofir huet si fir hir Plack net mat engem Label zesummegeschafft, mee verëffentlecht an Eegeregie mat Ënnerstëtzung vu Kultur:LX. Obwuel si et bis a Virronne gepackt hat, huet si um Enn hir Kandidatur zeréck gezunn, fir keng kënschtleresch Kompromësser mussen ze maachen, hannert deene si net gestanen hätt.

Fir sech ouni Label kënnen duerchzesetzen, ass et natierlech wichteg live op sech opmierksam ze maachen, an no engem Optrëtt beim Eurosonic zu Groningen Ufank vun dësem Joer ass C’est Karma am September och um Reeperbahn Festival derbäi, spillt dono zu Berlin, Paräis a London, ier si den 20. Dezember an der Escher Kulturfabrik Statioun mécht, fir “How To Peel An Orange” virzestellen.

An en Abléck doranner, wéi C’est Karma d’Titele vun hirem Debut live ëmsetzt, kann een dëse Freiden, 20. September, op dëser Antenne kréien. Do ass de Projet vun der Karma Catena nämlech Invité vun der Aircheck Session.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Musek
Nei Musek
Rock a Pop