Klassik Aktuell

Nei Saison vum CAPE

Et ass déi éischt Saison, déi d'Directrice artistique vum Centre des arts pluriels Ettelbruck, d'Ana Maria Tzekov programméiert huet. Eng nei Saison, e neie Logo an ee neit Konzept.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

Ana Maria Tzekov | © David Ghisa play_arrow
Ana Maria Tzekov (Foto: David Ghisa)

De Centre des Arts pluriels Ettelbruck, kuerz CAPE, huet säi Programm fir d'Saison 2025-26 virgestallt. An déi steet ënner dem Zeeche vun der Partizipatioun an der Interaktioun. Ee frëscht Konzept, wat duerch eng nei visuell Identitéit fir d'Kulturhaus soll illustréiert ginn. Wat d'Gedanken hannert dem neie Logo waren, wéi deen am Aklang mat der neier Approche vum CAPE ass an wéi interaktiv de Programm fir déi nei Saison wäert sinn, huet d'Ana Maria Tzekov ënner anerem am Gespréich mam Marie Trussart verroden. Si huet och matgedeelt, wéi hir alleréischt Saison fir si war.

Hei kommt Dir op den Interview mat der Ana Maria Tzekov  iwwer hir Aarbecht als Directrice artistique vum CAPE an doriwwer, wéi een eng gutt Work-Life-Balance pfleegt. 

Lauschterenplay_arrow