Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ CID Fraen a Gender: Mënscherechter si fir eis net ze debattéieren

Petitioun géint LGBTQIA+ Sujeten an der Schoul

CID Fraen a Gender: Mënscherechter si fir eis net ze debattéieren

D’Petitioun 3198 wier homo- a transphob an domat eng Diskriminéierung géint déi concernéiert Communautéit, esou de CID Fraen a Gender. Fir d'Claire Schadeck läit d'Grenz, wou eng Petitioun dierf debattéiert ginn, do, wou Mënscherechter ugegraff ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Romy Arroyo Fernandez

Et wier wichteg LGBTQIA+-Sujeten an de Schoulen ze thematiséieren, well déi Communautéit en Deel vun der Gesellschaft wier, seet d'Claire Schadeck vum CID Fraen a Gender. D’Petitioun Nummer 3198 géif fuerderen, datt déi Communautéit géif ausgeschloss ginn. 

"An dat ass fir eis eng Form vu 'mundtot' maachen. An dat ass fir eis kloer queerfeindlech an homophob."

Petitiounen areechen ze kënne wier Deel vun eiser Demokratie, seet d’Claire Schadeck, an dat géif net kritiséiert ginn. Problematesch fir de Centre d’information Fraen a Gender wier awer, datt dës Petitioun d’Mënscherechter géif ugräifen, well et sech hei ëm eng Form vun Diskriminéierung géint d’LGBTQIA+-Communautéit handelt.

"A Schutz virun Diskriminéierung ass e Mënscherecht. A wat mir besuergniserreegend fannen, ass eleng d’Tatsaach, datt eng Petitioun lancéiert gëtt, an datt déi Petitioun déi néideg Stëmme kritt - datt dat duergeet, fir datt Mënscherechter an der Chamber diskutéiert ginn."

CID Fraen an Gender: Mënscherechter sinn net verhandelbar

D’Petitioun hat scho bannent deenen éischten dräi Deeg genuch Stëmme gesammelt fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Mëttlerweil huet déi ëmstridde Petitioun schonn iwwer 8.400 Ënnerschrëfte kritt. Bal duebele esou vill, wéi fir en Debat an der Chamber néideg sinn. Op d’Nofro hin, wou d’Grenz géif leien, wéini eng Petitioun den Debat misst refuséiert kréien, seet d’Claire Schadeck ganz kloer.

"Dee Moment, wou Mënscherechter ugegraff ginn, ganz kloer. An dat ass fir eis net ze debattéieren."

Géigepetitioun gouf och schonn accordéiert

D’Kommissiounspresidentin Francine Closener hat an engem Interview mat RTL betount, datt d’Kommissioun unanime decidéiert hätt, datt d’Petitioun recevabel wier. An och d’Corinne Cahen, Vizepresidentin vun der Petitiounskommissioun hat an engem 100,7-Interview d’Petitioun als konform bezeechent.

An der leschter Petitiounskommissioun um Dënschdeg gouf iwwerdeems eng Géigepetitioun accordéiert, déi fuerdert, datt d’Educatioun vun LGBTQIA+-Theeme gestäerkt soll ginn. Dës Petitioun soll an nächster Zäit online gesat ginn, confirméiert d’Corinne Cahen. 

Nodeems d'Petitioun Nummer 3.198 eng éischte Kéier den 31. Mee eragereecht gouf, huet dës missen ëmformuléiert ginn. Dat well d'Petitioun mat "ech" a "mir" Pronome formuléiert war. Dat verstéisst géint d‘Krittären, déi eng ëffentlech Petitioun muss erfëllen. Den eigentlechen Inhalt vun der Petitioun gouf net geännert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft