Komponistinnen am Fokus

Cécile Chaminade: Déi vergiesse Meeschterin

D'Franséisch Komponistin a Pianistin Cécile Chaminade war zu hire Liewzäiten ee Star – mee gouf no hirem Dout bal e Joerhonnert laang ignoréiert.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

Cécile Chaminade (1857-1944) | © Photo Studio Nadar play_arrow
Cécile Chaminade (1857-1944) (Foto: Photo Studio Nadar)

D'Cécile Chaminade gouf 1857 zu Paräis gebuer an ass 1944 zu Monte-Carlo gestuerwen. Si war eng vun de bekanntesten Musekerinnen vun hirer Zäit an huet duerch ganz Europa an Amerika getouert, an der Carnegie Hall gespillt, a krut als éischt Fra iwwerhaapt den Titel vum Chevalier de la Légion d'Honneur. Si hat esou vill Succès, datt an den USA iwwer 200 sougenannte „Chaminade Clubs" gegrënnt goufen. De Komponist George Bizet huet si souguer „mon petit Mozart" genannt.

Mee trotz dësem aussergewéinlechen Talent gouf hir Musek no hirem Dout als einfach „Salonsmusek" ofgewäert. Zu hiren Zäiten huet dat Musek fir Amateure bezeechent. Doduerch ass d'Cécile Chaminade lues a lues aus de Geschichtsbicher verschwonnen. Éischt dank der Aarbecht vun der Musekswëssenschaftlerin Marcia Citron Ufank vun den 2000er Joren ass hirt Wierk erëmentdeckt ginn. D'Marie Trussart schwätzt mam Lex Kauffmann iwwer eng Komponistin, deem hir Musek elo nees op d'Bün a an d'Concertsprogrammer zeréckkënnt.

Lauschterenplay_arrow