National

Chambre des Salariés ass Affer vu Cyberattack ginn

D’Chambre des Salariés ass virleschte Weekend Affer vun enger Cyberattack ginn. Dat mellt d’CSL op hirem Internetsite. Fir den Ament ginn nach Analyse gemaach fir d’Auteuren, mee och d’Dauer vun där Cyberattack festzeleeën.

auto_stories

1 min

Radio 100,7 | © Radio 100,7
Site vun der CSL (Foto: Radio 100,7)

D’CSL seet, datt ee soll virsiichteg bleiwen, eventuell kéinten d’Auteure vun där Attack d’Datë mëssbrauchen. D'Chambre des Salariés selwer géif ni Detailer iwwert Konten oder Passwierder froen. 

Et soll een also all Kommunikatioun iwwer Mail, Telefon oder SMS gutt iwwerpréiwen.