Ënnert der Baguette vun der Corinna Niemeyer an dem Läffel vun der Anne Faber luet den OCL den 20. an 21. Januar op en aussergewéinlechen Owend an. Zerwéiert ginn Amuses-bouche aus der Lëtzebuerger Kichen an aus der musekalescher Welt. Do iwwerhëlt d'Corinna Niemeyer wéi ëmmer d'Roll vun der "Cheffe d'orchestre" an d'Anne Faber ass dann d'Cheffe de cuisine. D'Dirigentin huet dem Marie Trussart ënner anerem verroden, wéi si op d'Iddi komm ass, Musek a Gastronomie ze kombinéieren an erkläert, wéi esou eppes iwwerhaapt funktionéiert.