Doriwwer wéi Komponist:innen Chrëschtdag verbruecht hunn, ginn et tatsächlech e puer schrëftlech Quellen, déi dozou Informatioune liwweren.
De Beitrag kënnt dir Iech hei ulauschteren!
Bekannte Gesiichter
Ugefaange beim Johann Sebastian Bach. D'Famill Bach huet Chrëschtdag och gefeiert. Och wa schrëftlech net all ze vill iwwerliwwert ass, schéngt d'Kierch virun allem eng grouss Roll gespillt ze hunn. Wann de Bach nämlech net grad um Komponéiere war, huet hien d'Zäit a Massen a Gottesdéngschter verbruecht, virun allem och ëm Chrëschtdag. Dëst als aktive Museker.
Iwwert d'Privatfeieren oder d'Zesummekomme vun der Famill ass awer ganz wéineg sécher gewosst.
Anescht gesäit et beim Wolfgang Amadé Mozart aus. De Mozart, deen immens vill gereest ass, huet Chrëschtdag dacks ausserhalb vun der Famill verbruecht. An engem Bréif aus Dezember 1777 geet ervir, dass de Komponist iwwert d'Feierdeeg fläisseg komponéiert huet.
Interessant ass och: laut der Mozarteum-Stëftung, soll de Mozart am Joer 1764 op ee speziellt Chrëschtgedrénks opmierksam gi sinn. An zwar op de Punsch. Dësen huet hien op enger Europarees an engem Openthalt an England am selwechte Joer kennegeléiert.
Säi Papp, de Leopold Mozart schreift an engem Bréif un ee Kolleeg.
"Punsch ist ein Getränk von Wasser Rhum, Zucker und Limonien gesotten. Wird warm oder kalt getrunken nach belieben".
Tragesch Chrëschtdeeg
Manner Chance hat op Hellegowend de éisträichesche Komponist Alban Berg. De Museker ass am Alter vu 50 Joer un enger Bluttvergëftung 1935 verstuerwen.
Cadeauen a Kompositiounen
Ma och haut manner bekannte Komponisten, wéi den Arthur Rösel, hunn an ale Bréiwer och schonn iwwert hiren Ëmgang mat Chrëschtdag geschriwwen. 1880 schreift hien:
"Ich habe hier ein recht stilles Weihnachten gefeiert. Ich mußte es mir sehr lebhaft einbilden, sonst hätte ich gar nichzt gewußt, daß Weihnachten war. Ich bekam (..) eine goldene Violine mit einer Nadel, um sie an den Schlips zu stecken. Dies ist das einzige Weihnachtsgeschenk, das ich bekommen habe."
A ween net grad mat der Famill zesummen ëm de Chrëschtbeemche souz, deen huet d'Zäit genotzt déi eege Kompositioune virun ze bréngen.
Op Hellegowend goufen nämlech Wierker wéi dem Giuseppe Verdi seng Oper "Aida" uropgefouert.
Ma och dem Richard Wagner säi Parsifal war op engem 24. Dezember eng éischte Kéier ausserhalb vu Bayreuth ze héieren.
Oder d'Komponistinnen an d'Komponisten hu Concerte gehalen. Esou zum Beispill de Paul Hindemith an engem Berliner Prison 1933, dat och op engem 24. Dezember.