Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Frédéric Chopin - Introduction & Polonaise brillante, Op. 3 - István Várdai (Cello), Julien Quentin (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Christophe Hansen: “Frou, esou een essentiellen Dossier ze hunn”

Am Interview

Christophe Hansen: “Frou, esou een essentiellen Dossier ze hunn”

De Portefeuille vun der Landwirtschaft wier nach ëm dee vun der Veraarbechtung vu Liewensmëttel erweidert ginn, freet sech den CSV-Europadeputéierten am 100,7-Interview. Hien ass zouversiichtlech, wat seng nächst Prüfung ugeet: D’Auditioun am Europaparlament.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

Christophe Hansen | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop play_arrow
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop

De Christophe Hansen ass “ganz kloer frou”, datt hien dee wichtegen an essentiellen Dossier uvertraut krut. Dat sot den CSV-Europadeputéierte kuerz no der Nominatioun am 100,7-Interview. 

Par rapport zu sengem Virgänger, dem polneschen EU-Kommissär Janusz Wojciechowski, gesäit hien säi Virdeel doranner, datt hie méi Sprooche schwätzt - dat wier wichteg, fir mat de Leit um Terrain a Kontakt ze kommen. 

Ee vun den ëmstriddenen Dossieren, déi ustinn: D’Direktiv iwwert d’Deforestatioun

An der Kommissioun kéime Leit mat ganz ënnerschiddlechem politeschem Background beieneen, sou de Christophe Hansen. Hien hätt als EU-Parlamentarier kënne weisen, datt hien et gepackt huet, “souwuel déi méi Konservativ, wéi meng EVP, wéi och déi Liberal, déi Gréng an déi Lénk zesummenzekréien”, sou den CSV-Politiker. Hien nennt d’Beispill vun der Direktiv iwwert d’Deforestatioun, déi verbindlech Reegele fir Liwwerketten opstellt, bei deenen d’Protektioun vum Bësch Prioritéit huet. 

D’Ëmsetze vun där Direktiv allerdéngs wëll seng eege Fraktioun elo, genee ewéi verschidden EU-Länner verleeën - wéi steet do de méiglecherweis zukünftegen Agrar-Kommissär dozou?

De Problem wier, datt d’Kommissioun hei misst verschidden Texter virleeën, genee ewéi eng Astufung vun de Länner, fir datt den Dossier viru kann evoluéieren, sou de Christophe Hansen dozou. 

“Dat Dokument hätt scho misse kommen, ass awer elo wéinst de Walen zeréckgehale ginn. Dowéinst wäert et, wat déi Dokumenter méi laang zeréckgehale ginn, ëmmer méi schwéier ginn, den Dossier nach dëst Joer ze finaliséieren. Do muss een elo am Dialog kucken, wat machbar ass, a wéi eng Deeler ëmsetzbar sinn.”

D’Kommissioun wier do zwar um Hiewel, hien awer selwer nach net, sou och de Christophe Hansen. “Do musse mer elo mol fir d’éischt déi Etappe packen, déi virdru kommen”. 

Auditioun am Europaparlament: “Keng einfach Erausfuerderung”

Dat ass ënner anerem eng Auditioun am Europaparlament, déi de Christophe Hansen genee ewéi all déi aner nominéiert EU-Kommissären duerchlafe mussen.

Hie géing sech elo eraschaffen an op déi nächst Etappe, d’Auditiounen am Europaparlament, präparéieren, déi wären nämlech keng einfach Erausfuerderung, sou den CSV - Politiker.

"Wann een an enger nationaler Regierung als Member genannt gëtt, muss een net nach eng Kéier e Premièresexamen hannendru maachen, fir dat mol esou ze soen. Dat ass hei effektiv de Fall. Do wäert ee mat allem, wat een iergendwann eng Kéier ofgestëmmt huet, konfrontéiert ginn, do wäert een och ganz kriddeleg Froe kréien. Ech hoffen awer, datt et op der Substanz bleift an datt keng, politique-politicienne gemaach gëtt, datt et wierklech ëm d'Wëssen um Fachberäich geet. Wann dat de Fall ass, dann denken ech u sech, datt d'Chancen net schlecht stinn, datt dat doten och ka goen."

Lauschtert dee ganzen Interviewplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft