Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Gioachino Rossini - Fantasie fir Cello an Orchester iwwer "William Tell" - Ophélie Gaillard (Cello), Morphing Chamber Orchestra, Frédéric Chaslin (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Christophe Hansen: Ressort nach net kloer

NO GESPRÉICH MAT URSULA VON DER LEYEN

Christophe Hansen: Ressort nach net kloer

Hien hätt ee “breet Gespréich” mat der Kommissiounspresidentin gehat, sou den CSV-Europadeputéierten. D’Fro vum Ressort wier awer “net direkt” ugeschwat ginn.

auto_stories

3 min

Christophe Hansen | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dwi Anoraganingrum/Geisler-Fotop

Zu Bréissel ass déi aktuell Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen am gaangen hir Ekipp fir déi nächst Europäesch Kommissioun zesummenzesetzen.

Dozou gehéieren och Gespréicher mat de Kandidaten, déi vun de nationale Regierunge proposéiert goufen. Haut um Dënschdeg de Moie war de Christophe Hansen, deen de Premier Luc Frieden déi virlescht Woch als nächsten, Lëtzebuerger EU-Kommissär proposéiert hat, un der Rei.

Et wier eng éischt Entrevue gewiescht, eng fir sech kennenzeléieren, sou den Christophe Hansen kuerz nom Gespréich géint iwwert dem 100,7 .

"Ee ganz breet Gespréich"

"Et ass iwwert Ëmwelt geschwat ginn, iwwer Landwirtschaft Internationales, Geopolitiik, déi amerikanesch Walen an Handel. Et sinn also ganz vill Sujeten ugeschwat ginn, an och d'Implikatiounen, wat déi eng oder aner Optioun kéint fir d'Europäesch Unioun bedeiten. Et war ee ganzt breet Gespréich."

Doriwwer, wéi ee Ressort d’Kommissiounscheffin eventuell fir hie virgesinn huet, wier net, oder ob alle Fall net direkt geschwat ginn, preziséiert den CSV-Europadeputéierten op eis Nofro.

Mécht d’Ursula von der Leyen eng nei Demande beim Luc Frieden?

D’Ursula von der Leyen krut vun alle Länner Kandidate proposéiert. Well do awer vill méi Männer genannt goufen ewéi Fraen, ass d’Kommissiounscheffin am gaangen, bei verschiddenen nozehaken. Mat Succès, wéi et schéngt – de Méindeg huet Rumänie säi männleche Kandidat, de sozialisteschen Europadeputéierte Viktor Negrescu zeréckgezunn an amplaz dovun d’Roxana Minzatu, déi och fir d’Sozialisten an d’Europaparlament gewielt gouf, als Kandidatin genannt.

Do stellt sech natierlech d’Fro, ob och de Luc Frieden nach eng Kéier vun der Kommissiounscheffin ënner Drock gesat wäert ginn, fir awer nach eng Fra ze proposéieren?

“Et kann ee sech ni honnertprozenteg sécher sinn. D'Presidentin schwätzt mat alle Staats- a Regierungscheffen a Cheffinnen am Moment, dat ass och richteg sou“, sou déi diplomatesch Äntwert vum Christophe Hansen op déi Fro.

Prüfung am Europaparlament steet nach un

Nach ass net sécher, ob hien op der Lëscht vun de 26 EU-Kommissären an Kommissärinne steet, déi d’Ursula von der Leyen méiglecherweis déi nächst Woch presentéiert.

D’Europaparlament, wou d’Kandidaten all musse gutt geheescht ginn, hätt do nach ee Wuert mat ze schwätzen, hat d’LSAP-Co-Presidentin Francine Closener virun zwou Woche gesot. Si war rosen doriwwer, datt de Luc Frieden säi Parteikolleeg Hansen an net de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten, den Nicolas Schmit als EU-Kommissär proposéiert huet.

De Christophe Hansen huet selwer schonn e puer där Auditioune vu Futur-Kommissären am Parlament matgemaach a weess, datt dat kee Spadséiergank ass. Hien hofft, datt et d’Ausenanersetzung sech op de Contenu konzentréiert.

"Ech hoffen op de bon sens vu menge Kolleegen hei am Europaparlament. Ech hu scho mat enger ganzer Rëtsch Kolleege vun der sozialistescher Fraktioun geschwat, déi mengen, datt ech mer keng Suerge soll maachen. Ma ech wäert mech och drop virbereeden, datt vläicht deen een, oder deen anere bësse méi onfair spille wäert. Dat gehéiert awer zum Geschäft dozou."

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa