Dësen Donneschden (09.11.) geet et am CAPE zu Ettebréck op eng musikalesch Rees an Italien. “Ciao Felix” ass den Titel vun engem Concert fir Kanner tëscht 6 an 11 Joer, bei deem de Felix Mendelssohn Bartholdy a seng spannend Rees an Italien am Mëttelpunkt stinn. Dofir stinn d’Lëtzebuerger Philharmoniker op der Bün, zesumme mam jonken Dirigent Duncan Ward an der Martina Menichetti. Si ass fir d’Konzept an d’Presentatioun vum Concert zoustänneg. Der Marie Schockmel erzielt si méi dozou.