Péngschtméindeg, um 20. Mee, ass den 128. Doudesdag vun der Clara Schumann. Si ass eng vun de wéinege Komponistinnen aus der Romantik, déi een haut nach kennt. Am Mäerz war zu Lëtzebuerg eng Konferenz iwwert d'Komponistin a Pianosvirtuosin, mat der franséischer Journalistin Aliette de Laleu. De Christophe Mirkes huet sech mat der Musikologin a Feministin iwwert d'Liewe vum Clara Schumann, an hir haiteg an deemoleg Unerkennung, geschwat.