Dëse Freiden, 11. Juli um 8 Auer owes, kann een zu Hesper am Park en Open Air Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg kucke goen. Ënner der Leedung vum Jonathan Kaell begleeden si ënner anerem och den Cellist Matis Grisò. Um Programm: Wierker vum David Popper, Ethel Smyth oder och Isaac Albeniz. D’Marie Trussart huet mam Dirigent ënnert anerem doriwwer geschwat, wat fir Challenges op en Orchester bei engem Open Air duerkommen.
Klassik Aktuell
Klassik am Hesper Park
Dëse Freiden, 11. Juli spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg zesumme mam Matis Grisò zu Hesper am Park, an dat ënner der Baguette vum Jonathan Kaell.
auto_stories
1 min
headphones12 min
(Foto: Orchestre de Chambre du Luxembourg)