Ënnert dem Motto 'Clarinet and company' spillen e Sonnden den 22. September fënnef Museker aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, den éischte Concert fir dës Saison aus der Serie concerts apéritifs.
Um Programm sti Wierker fir ee Quintett vun zwee Komponisten: dem Franz Krommer an dem Robert Fuchs.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann, verréit de Klarinettist Arthur Stockel méi iwwert de Choix vun de Wierker a schwätzt och iwwert d'Roll vun der Klarinett wärend de leschte Jorzéngten.
Programm:
Franz Krommer: Quintett für Klarinette und Streicherop. 95
Robert Fuchs: Klarinettenquintett op.102
Interpreten:
Arthur Stockel, clarinet
Ryoko Yano, violin
Gayané Grigoryan, violin
Ryou Banno, viola
Vincent Gérin, cello