Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Édouard Lalo - Concerto fir Gei, Op. 20, III. Allegro con fuoco - Jean-Jacques Kantorow (Gei), Granada City Orchestra, Kees Bakels (Dir.)

play_arrow Live
search

/ D'Akademie vun der Philharmonie

Klassik Aktuell

D'Akademie vun der Philharmonie

Zanter 2021 ginn an der Akademie vun der Philharmonie, jonk Musikerinnen a Museker op eng professionell Orchester-Carrière virbereet.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow
Patrick Coljon, Head of Orchestra

D'Akademie vun der Philharmonie gouf 2021 an d'Liewe geruff. Eng Zort Ausbildungsplaz fir jonk Musekerinnen a Museker, fir iwwer zwee Joer aktiv als Orchestermemberen ausgebilt ze ginn. Aktuell bereeden sech 10 Musekerinnen a Museker zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker op eng professionell Orchester-Carrière vir an och den éischte Joergang huet d'Akademie schonn ofgeschloss.

Mee wéi eng Chancë kréien d'Museker? Wéi schwéier ass et an engem Orchester ënner ze kommen a fält de Bilan och fir d'Akademie selwer positiv aus?

De Lex Kauffmann huet sech mam Patrick Coljon, Head of Orchestra, doriwwer ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow