Luc, haut geet et zeréck an d’18. Joerhonnert?
Jo, an zwar bei de Carl Philipp Emanuel Bach a bei de Johann Gottlieb Graun. Lass geet et mat engem Arrangement vum Bach sengem Cello-Concerto a Si bémol Majeur an duerno stinn zwou Kompositioune vum Graun um Programm: säi Concertante fir Gei a Braatsch a säi Concerto fir Braatsch a Mi bémol Mineur.
Datt elo eng Braatsch am Mëttelpunkt vun engem Solo-Album steet, dat ass zwar net komplett nei an och net méi ongewéinlech, an awer sinn esou Disken awer nach e bëssen d’Ausnam.
Op d’Mannst wann een et domat vergläicht wéi vill Sortien et mat der Gei am Mëttelpunkt ginn. Mä wéi esou dacks bei der Braatsch, sinn ech och hei vum Klang faszinéiert. Si huet an den déiwe Passagen en angeneem breede Klang, an an den héije Passage ka se trotzdeem stralen.
Wéinst dem méi déiwen Timber gëtt bei esou Instrumenter wéi zum Beispill der Braatsch oder och dem Cello dacks ënnerstallt, se kéinte sech klanglech net esou gutt géint en Orchester duerchsetzen, wéi elo eng hell Gei. Wéi ass et hei?
Generell hänkt et staark vun Aart a Weis of, wéi de Concerto komponéiert gouf a vum Orchester, deen dem Solist natierlech déi néideg Plaz loosse muss. Béides ass hei awer voll a ganz erfëllt: beim Graun sengem Concerto gëtt et keen Zweifel, datt d’Braatsch am Fokus steet. An op dëser Plaz am Mëttelpunkt schéngt sech de Mathis Rochat voll a ganz wuel ze spieren. Säi Spill wierkt immens natierlech. Hien interpretéiert de Concerto mat enger gewësser Selbstverständlechkeet an hien huet eng grouss Kontroll. Näischt ass forcéiert an hie beweegt sech duerch d’Partitur, wéi e Fësch am Waasser.
Dat zweet Wierk vum Graun ass dann e Concertante fir Gei a Braatsch...
Genee, a wat hei interessant ass, ass d’Wierkung vun dëser Konstellatioun. Mol huet een en intimen Dialog tëschent de béide Solo-Instrumenter, mol begleet eent dat anert, mol begleet den Orchester allebéid an nach eng aner Kéier spillt den Orchester Passagen ouni Solo-Instrumenter. Doduerch entsti ganz verschidde Wierkungen – déi déi mir am meeschten opfält ass déi vum Concerto Grosso – engem Genre aus dem Barock, wou eng kleng Instrumente-Grupp enger gréisserer Grupp géintiwwergestallt gëtt. Dat ass hei virun allem am éischte Saz de Fall. Et wierkt e bësse mechanesch, awer op eng gutt Aart a Weis! Et ass éischter am Sënn vun engem Moteur, deen ëmmer erëm Schwong kritt. Beim verdreemte luesen zweete Saz ass d’Wierkung dann eng komplett aner. Hei sange béid Instrumenter mateneen, woubäi een deem aneren seng Melodie iwwerhëlt. An den drëtte Saz ass dann nees voller Energie. D'Solo-Gei gëtt op dëser Opnam iwweregens vum Stephen Waarts gespillt.
Mir beweegen eis jo vun hannen no vir duerch de Programm: iwwert ee Wierk hu mir elo nach net geschwat – de Concerto vum C.P.E. Bach. Hei suergt de Mathis Rochat selwer dofir, datt de Repertoire vu sengem Instrument méi grouss gëtt. Hien huet dësen Cello-Concerto nämlech selwer arrangéiert.
An et kann ee vläicht souguer esou sou wäit goen, a soen, datt hien dat och als Ambassadeur mécht. D’Transkriptioun ass wierklech immens gutt gelongen, an d’Aart a Weis wéi hien et spillt, weist datt et sech loune kann, och op dëse Wee ze goen.
Héiert een dat da raus, datt et en Arrangement ass?
Jein – géif een et net wëssen, denken ech net. Dat eenzegt, wouriwwer ee sech vläicht kéint wonneren, ass datt de Mathis Rochat dacks an de méi déiwen Tounlage vu sengem Instrument ënnerwee ass. Dat kéint vläicht en Indice a Richtung den Cello sinn. Fir de Rescht klengt och dës Interpretatioun “Selbstverständlech” a ganz natierlech.