Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Giovanni Paisiello - Concerto fir Mandolin a Mi bémol Majeur, I. Allegro Maestoso - Artemandoline

play_arrow Live
search

/ D‘Catherine Kontz an d‘Annea Lockwood iwwert de rainy days

Klassik Aktuell

D‘Catherine Kontz an d‘Annea Lockwood iwwert de rainy days

Gëschter ass de rainy days Festival 2023 an der Philharmonie lass gaangen, a bis de Sonnde kann ee weider nach villes entdecken.

auto_stories

1 min

headphones

20 min

play_arrow

“rainy days” – dat ass de grousse Festival fir zäitgenëssesch Musek hei zu Lëtzebuerg. Dëst Joer ass en op véier Deeg verdeelt, mat iwwer 30 Events an der Philharmonie – gëschter ass et lass gaangen, a bis de Sonnde kann een an der Philharmonie weider nach villes entdecken. D’artistesch Direktesch ass d’Lëtzebuerger Musekerin Catherine Kontz. Et geet vu Concerten, iwwert Installatioune bis hin zu Talks mat Musekerinnen a Museker. Eng Installatioun, déi bis de Sonnden an der Philharmonie ze entdecken ass, ass “For Ruth”. Déi ass vun der Annea Lockwood als Undenken un hir Liewenspartnerin a Musekerin Ruth Anderson, déi 2019 verstuerwen ass. D’Marie Schockmel ënnerhält sech mat der Catherine Kontz an der Annea Lockwood.

Lauschterenplay_arrow