My Voice, My Choice

D’EU-Kommissioun wëllt keen extraen EU-Fong fir sécher Ofdreiwunge schafen

Bréissel verweist bei der Fuerderung vun der Biergerinitiativ My Voice, My Choice op den Europäesche Sozialfong. Dee kéint fir den Accès op Ofdreiwung geholl ginn. D'Initiativ feiert ee Succès, mee ass nëmmen hallef zefridden.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

D'EU-Kommissärinnen Hadja Lahbib a Roxana Minzatu | © EPA/OLIVIER MATTHYS play_arrow
D'EU-Kommissärinnen Hadja Lahbib a Roxana Minzatu (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

D’Spriecherin vu My Voice, My Choice hat Tréinen an den Ae bei der Pressekonferenz gëschter zu Bréissel, direkt no der Annonce vun der EU-Kommissioun. Si schwätzt no engem laange Kampf vun enger “"Victoire fir d’Fraen" an Europa an engem "gudden Dag fir d’Demokratie".

Dobäi krut My Voice, My Choice net dat, wat d’Initiativ eigentlech gefuerdert hat.

Zil: EU-Fong fir besseren Zougank zu sécherem Avortement

2025 hat d’Initiativ iwwer eng Millioun Ënnerschrëften an der EU gesammelt. Am September war si offiziell als europäesch Biergerinitiativ unerkannt ginn.

Den Usproch, d’Recht op eng sécher Ofdreiwung an der ganzer EU ze fuerderen, war ënnerwee fale gelooss ginn. D’Traitéen, déi virschreiwen, datt all EU-Staat selwer iwwer seng Gesondheetspolitik decidéiere kann, hätten et net hierginn, datt Bréissel hei Virschrëfte mécht.

Amplaz dovun huet My Voice, My Choice d’Schafe vun engem europäesche Fong gefrot, vun deem sollten déi Frae profitéieren, déi keen Accès op eng sécher Ofdreiwung hunn.

Déi EU-Staaten déi dat offréieren, kéinte sech bei deem Fong zerwéieren, fir respektiv Programmer an d’Liewen ze ruffen, esou d’Iddi.

EU-Kommissioun: Europäesche Sozialfong dierf genotzt ginn

Esou wäit awer wëllt d’Kommissioun net goen.

“Vun elo u gi mir den EU-Länner d’Méiglechkeet EU-Suen aus dem Europäesche Sozialfong ze benotze fir den Accès op Avortement ze verbesseren.”

Annoncéiert feierlech d’EU-Kommissärin fir humanitär Hëllef, d'Hadja Lahbib.

Keen neie Fong also. Amplaz dovu solle sech d’Memberstaaten am Europäesche Sozialfong, deen et scho gëtt, zerwéieren.

Dee groussen Duerchbroch wier, esou d’Hadja Lahbib op Nofroen hin:

“Et ass déi éischte Kéier, datt mir kloer soen, datt d’Sue fir den Zweck kënne geholl ginn, dat gouf bis elo net gemaach.”

My Voice, My Choice a Feierlaun, mee och enttäuscht

Genee deen Aspekt gëtt bei der Initiativ My Voice, My Choice als Succès gefeiert.

Allerdéngs ass och kloer, datt een enttäuscht ass. Doriwwer datt keng extra EU-Sue fräigeschalt ginn.

Den Europäesche Sozialfong ass een Deel vum EU-Budget. Seng souwisou schonn ageschränkte Moyene stinn nach bis 2029 zur Verfügung. Wat duerno geschitt ass onkloer.

Zweete Bemol: Ob eppes geschitt oder net hänkt elo dovun of, ob Memberstaate wierklech Gebrauch vun deene Sue maachen.

“Mir wäerten si guidéieren, hinnen hëllefen, et hu sech jo och op d’mannst 10 Memberlänner hanner d’Initiativ gestallt.”

Esou d’Hadja Lahbib.

Lëtzebuerg kéint EU-Suen ufroen

Eent vun de Länner ass Lëtzebuerg. De Grand-Duché kéint dat EU-Dëppen unzapen, fir Fraen aus aneren EU-Staaten ze hëllefen, an deene keen Accès op eng sécher Ofdreiwung garantéiert ass.

Där Staate ginn et. D’Gesetzer sinn ënnerschiddlech an der EU an esouguer wann et legal méiglech ass ofzedreiwen, heescht dat nach laang net, datt dat och an de Cliniquen esou ëmgesat gëtt.

D’Europäesch Kommissioun zitéiert an hirem Pressecommuniqué d’Weltgesondheetsorganisatioun, där no all Joer an Europa 483.000 onsécher Avortementen duerchgeféiert ginn.

D’Initiativ My Voice, My Choice schwätzt vun 20 Millioune Fraen an der EU, déi keen Zougank zu enger sécherer Ofdreiwung hunn.

Lauschterenplay_arrow