Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwou Geien a Ré Mineur, BWV 1043, I. Vivace - Isabelle Faust (Gei), Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D'EU eenegt sech op nei Ëmweltvirschrëften

Mobilitéit

D'EU eenegt sech op nei Ëmweltvirschrëften

Fir déi éischte Kéier ginn elo Grenzwäerter fir Reiwungen duerch Bremsen a Pneuen ageféiert. Dat heescht, datt elo och Elektro- a Waasserstoffgefierer vun den neie Reegele betraff sinn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Bigstock / Artzzz

Et sollen och Reegelen ageféiert gi fir eng minimal Liewensdauer vu Batterien an Elektro- an Hybridgefierer, an all Gefierer sollen een Ëmweltpass kréie mat Informatiounen, ënner anerem iwwer de Spritverbrauch oder d'Liewensdauer vun der Batterie.

Fir d'Ofgaser aus Autoe goufe par conter keng méi streng Reegelen decidéiert, well do soll weider d'Euro-Sechs-Norm gëllen.

Déi méi streng Limitt fir gesondheetsschiedlech Nox-Emissiounen aus Autoen, déi d'Kommissioun proposéiert hat, goufe vun de Länner a vum Parlament rejetéiert. Just Bussen a Camione musse sech bei den Emissiounen un déi nei Euro-Siwen-Norm halen.

D'EU-Memberlänner an d'EU-Parlament mussen der Eenegung nach formell zoustëmmen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Mobilitéit
Ëmwelt