Däitschland

D'Feier am Adolf Hitler sengem "Kehlsteinhaus" ass op en Neits ausgebrach

Um Obersalzberg an Däitschland gouf et ee Groussbrand am historeschen "Kehlsteinhaus". An der Nuecht ass d'Feier nees opgeflaamt, nodeems et gëschter Moien ënner Kontroll bruecht gi war. Ee presuméierte Brandstëfter gouf scho festgeholl.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Jason Tschepljakow
(Foto: picture alliance/dpa | Jason Tschepljakow)

An den 1930er Joere gouf d'"Kehlsteinhaus" vun den Nationalsozialisten opgebaut als Deel vum Adolf Hitler senger Komplex.

Haut gëtt d'Gebai op 1.800 Meter Héicht fir touristesch Zwecker genotzt. International ass d'"Kehlsteinhaus" als "Eagles Nest" bekannt. Zéngdausende Leit am Joer besichen dat historescht Gebai. Elo soll et nees genee esou opgebaut ginn. 

Presuméierten Täter wuel psychesch krank

Duerch d'Feier, dat wuel muttwëlleg geluecht gouf, ass nämlech de gréissten Deel vum Gebai néiergebrannt. De Schued gëtt op Milliounenhéicht geschat. Bis zu 200 Pompjeeë waren am Asaz fir d'Feier ënner Kontroll ze kréien. Dobäi koum, datt um Obersalzberg d'Wiederkonditiounen net ideal fir Läschaarbechte waren, et huet gestiermt a geschneit. 

De presuméierten 33 Joer alen däitschen Täter soll op sengem Motorrad ënnerwee gewiescht sinn, wéi d'Police him entgéint gefuer ass. Doropshi soll hie probéiert hu fortzefueren. Hie soll psychesch krank sinn, heescht et. Hie gouf nach um Samschdeg an d'geschlosse Psychiatrie bruecht.