Um Programm:
31. Dezember: Silvester
Um 20:00: Silvester-Concert mam SWR Symphonieorchester an der SWR Big Band
E Concert voller Energie: Dat steet Silvester 2025 um Opus um Programm. Den SWR Symphonieorchester an d'SWR Big Band spille Wierker, déi sech tëschent de Welte vun der Klassik a vum Jazz beweegen. Niewent dem George Gershwin sengem American in Paris steet och dem Nikolai Kapustin säin zweete Pianosconcerto mam Solist Frank Dupree op der Affiche.
Nom Concert geet et da mat bekannte Concertoen an d'Nuescht eran.
1. Januar 2026: Neijoerschdag:
Um 11:15: Live - Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker
An iwwer 90 Länner gëtt dee beléiften Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker iwwerdroen. Dorënner och Lëtzebuerg, um Opus. De Yannick Nézet-Séguin dirigéiert dee renomméierten Orchester mat Wierker aus der Strauß-Dynastie an hiren Zäitgenossen.
An der Mediathéik
An der Mediathéik vum Opus kanns du all eis Concerten, Episoden a Sendungen no hirer Diffusioun nolauschteren, wou a wéini et dir am beschte passt.
Concert: Christmas à la Hollywood
D’Live-Iwwerdroung vum Chrëschtconcert vun de Solistes Européens, Luxembourg fir nozelauschteren
Häerzstéck: d’Nossknacker-Suite
D'Marie Trussart stellt dem Lex Kauffmann säin Häerzstéck vun der Woch vir a seng onerwaart dramatesch Hannergrënn.
Live-Iwwerdroung vum Chrëschtconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker
Lauschter deen traditionelle Chrëschtconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker aus der Philharmonie. Wéi all Joer sti bekannt Chrëschtdagslidder fir matzesangen um Programm. Op der Bün sinn d’Lëtzebuerger Philharmoniker, de Choeur de Chambre an d’Pueri Cantores vum Stater Conservatoire ënner der Leedung vum Ivan Boumans an dem Pierre Nimax.
Concert - De WDR Funkhausorchester spillt Chrëschtdagsklassiker
Vun "Hänsel und Gretel" zu deene populäersten internationale Chrëschtdagsklassiker. De WDR Funkhausorchester ënner der Leedung vum Johannes Witt bréngt Iech a Stëmmung fir déi schéinsten Zäit vum Joer.
Concert - Au seuil de l’avent
Den traditionelle Concert Au seuil de l’avent 2025 vun der Maîtrise vun der Kathedral zesumme mam Estro Armonico. Um Programm vun dësem Concert stinn zwee Wierker vum Zoltán Kodály "Laudes organi" a "Missa Brevis", donieft sinn och nach Motette vu verschiddenen ungaresche Komponisten ze héieren.
Resonanzen spezial
Resonanzen ganz am Zeeche vu Chrëschtdag
Chrëschtdag-Playlëscht
De Christophe Mirkes stellt eng Playlëscht mat de schéinste Chrëschdagsmelodien zesummen, dorënner och äre Choix, dee vun Nolauschterinnen an Nolauschterer erageschéckt gouf.
Concert - Une crèche musicale de Noël
Ënner dem Titel "Une crèche musicale de Noël" sinn hei Stécker vu Bach, Haydn, Mozart an Händel ze héieren. Gespillt gëtt dëse Concert vu véier Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg: der Fruzsina Varga op der Flütt, dem Marian Gaspar op der Gei, der Anik Schwall op dem Cello an dem Christoph König um Piano.
Den Nussknacker mat de Berliner Philharmoniker ënner der Direktioun vum Sir Simon Rattle
Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowski säi berüümte Ballet "Den Nussknacker" integral, gespillt vun de Berliner Philharmoniker ënner der Leedung vum Sir Simon Rattle.