Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ ICMA 2025 - d'Finalist:innen sti fest!

ICMA 2025

ICMA 2025 - d'Finalist:innen sti fest!

De Jury vun den International Classical Music Awards huet säi Choix fir d'Finalist:innen am Mäerz 2025 getraff.

auto_stories

2 min

Quell: ICMA

374 Produktioune goufe fir dës Editioun bei der ICMA eragereecht. Dës goufen dunn an insgesamt 16 Kategorien agedeelt.

Elo goufen an engem Vott vun direkt e puer Ronnen, d'Finalistinnen a Finalisten ausgewielt. 

Dofir zoustänneg war e Jury aus knapp 20 Memberen, deen aus onofhängege Medien aus deene verschiddenste Länner besteet. Fir Lëtzebuerg hunn de radio 100,7 an och de President vun den ICMA, de Remy Franck, um Jury-Vott deelgeholl.

Beim Choix vun dësem Jury hunn et elo jeeweils nach 3 Nominatioune pro Kategorie an d'Final am Mäerz 2025 gepackt. Besonnesch transparent mécht d’Nominatioun, dass Facteure wéi verkaaften Tounträger oder aner Succèse vun den Artisten net berücksichtegt ginn. Domat kënnen also och komplett onbekannte Produktiounen a Kënschtler:innen gewannen.

De Choix vun de Gewënner fält de 14. Januar 2025. Hei ginn d'Resultater vun de Gewënner ëffentlech gemaach. Dee Moment weist sech dann, wéi eng Produktiounen de Präis fir sech entscheeden an dësen an der Düsseldorfer Tonhalle de 19. Mäerz 2025 entgéint huele kënnen.

Hei fannt dir d'Lëscht vun de Nominatioune fir d'Final 2025.