Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik Album vun der Woch

RESONANZEN

Noël en lumière 2.0, Chrëschtprogramm um opus an eise Klassik Album vun der Woch

D'Marie Schockmel féiert Iech duerch d'Aktualitéit aus der Klassik a bréngt Iech schonn a Chrëschtdagsstëmmung.

auto_stories

2 min

1) Noël en lumière 2.0

Dëse Sonnden, 15. Dezember, wäert d’Kierch zu Dikrech an e Liichtspektakel getaucht ginn. Um 17 Auer kann een do e Chrëschtconcert lauschteren a kucke goen. Awer awer kee gewéinleche Concert, mee een deen sech vun deenen aneren ofhieft. Beim “Noël en lumière 2.0” komme ganzer véier Chéier zu engem Ensembel zesummen, begleet vun engem Harmonium, enger Uergel, engem Piano an engem Blechbléiserquintett vu Paräis. D'Michelle Barthel ass an déi alleréischt Prouf kucken a lauschtere gaangen.

Lauschterenplay_arrow

2) Chrëschtprogramm um opus

 Haut ass den 3. Advent an domat sinn et nëmmen nach 2 Woche bis Chrëschtdag. Wärend der Chrëschtzäit gëtt et um opus e ganz passende Programm. De Freideg 20. Dezember iwwerdroe mir den traditionelle Chrëschtconcert live aus der Philharmonie. Et ass e Concert mat 100 % Chrëschtstëmmung, ënnert anerem mat "Jingle Bells", "Feliz Navidad" an och "An der grousser hell'ger Nuecht". An och soss ginn et um opus iwwert d'Feierdeeg vill Concerten déi gutt an d'Chrëschtzäit passen. Mat dobäi ass en Optrëtt mam Tschaikowsky sengem Nussknacker an och ee mat bekannte Stécker aus Chrëschtdagsfilmer. An de 25. a 26. Dezember kënnt dir hei och e puer Concerte aus Lëtzebuerg lauschteren.

4) Klassik-Album vun der Woch: Polnesch Romantik mam Meccore String Quartet

D'Vilma von Webenau huet hiert Liewe laang a relativer Aarmut gelieft a gouf vun de Wiener Institutioune ni akzeptéiert. Bis 2019 war si vun der Ëffentlechkeet quasi onbekannt. Am Kader vun enger Studie iwwer dem Arnold Schönberg senge Schülerinne, gouf méi iwwer hiert Liewen erausfonnt. De neien Album vum Pianist Oliver Triendl, zësumme mat der Nina Karmon op der Gei, dem Stefan Fehlandt op der Braatsch an dem Alexander Hülshoff um Cello léisst Iech d'Musek vun dëser vergiessener Komponistin rëmentdecken.

Lauschterenplay_arrow