Lescht Woch huet d'Florence Martin an de soziale Medien annoncéiert, datt si als Directrice artistique an der Cité musicale zu Metz noméiert gouf. Dat bedeit och, datt si hire Posten als Co-Directrice vum Ensemble United Instruments of Lucilin verléisst. Am Gespréich mam Marie Trussart huet si ënner anerem verroden, wéi den Ensembel reagéiert huet. Si kuckt zréck op e Joerzéngt zesumme mam Ensembel, erzielt hir Highlights an wéi si sech gefillt huet, wou si d'Noriicht krut.