Nationalarchiven

"D'Gediechtnes vun eisem Land" plënnert – an et ass keng alldeeglech Plënneraktioun

De 7. November geet d'Josée Kirps, d'Direktesch vun den Nationalarchiven, an d'Pensioun. Datt si den Ofschloss vun der Plënneraktioun matkritt, déi momentan leeft, schléisst si am 100,7-Interview awer aus. Eng Plënneraktioun, déi alles anescht wéi alldeeglech ass.

auto_stories

5 min

headphones

15 min

D'Josée Kirps | © Radio 100,7 play_arrow
D'Josée Kirps (Foto: Radio 100,7)

D’Nationalarchive plënnere grad vum Helleggeescht-Plateau op de Belval. D’Ekipp wier scho geplënnert, erkläert d’Josée Kirps. Elo wier een amgaangen, déi verschidden Depoten ze plënneren.

“Mir rechnen do mat plus minus 6 Méint. Ufanks nächst Joer misste mir fäerdeg sinn.”

D’Depote vun den Nationalarchive sinn op 6 verschidde Plaze bannent der Stad verdeelt. Alles, wat um St. Esprit archivéiert war, ass schonn eraus. Elo bleiwen nach 4 Sitten ze plënneren, preziséiert d’Josée Kirps.

Keng alldeeglech Plënneraktioun

Al Dokumenter ze plënneren, déi deels aus dem Mëttelalter stamen, ass alles anescht wéi Alldag – och net fir d’Plënnerfirmaen. Zwou grouss Lëtzebuergesch Plënnerfirmaen deele sech d’Aarbecht op. D’Mataarbechter:innen hu kleng Formatioune kritt, wéi ee mat den alen Dokumenter ëmgoe soll.

Leit aus den Archive si wärend der Plënneraktioun ëmmer dobäi, souwuel an der Stad, wéi och zu Esch. Et hätt ee sech och am Virfeld bei der Nationalbibliothéik informéiert, déi jo virun e puer Joer geplënnert war.

Hëtztwell huet eng Gefor fir verschidden Dokumenter duergestallt

Beim Plënnere wéilt ee kee Risiko agoen, seet d’Josée Kirps.

“Well et ass alles wäertvoll, d’Gediechtnes vun eisem Land a vun eiser Geschicht. Virun 3 Joer hu mir scho gekuckt, wat wéi soll geplënnert ginn.”

Ënner den Dokumenter befanne sech zum Deel al Charten aus Pergament, deels och mat Wuess versigelt. Dat huet wärend der Hëtztwell zu Problemer geféiert. An där Period hätten nämlech vill versigelt Dokumenter geplënnert solle ginn.

Dat huet een du verréckelt an och direkt moies fréi gemaach, erkläert d’Direktesch.

Bis elo wier nach näischt futti gaangen, seet si, a packt Holz hunn.

Dokumenter bleiwe weider accessibel

Dat neit Gebai um Belval ass scho fir de Public op. Et leeft een awer Gefor, datt grad dat, wat ee sicht, net um Belval ass. Dofir ass et méiglech sech online unzemellen an Dokumenter unzefroen. Déi kënnen an der Reegel trotz Plënneraktioun bannent e puer Deeg op de Belval bruecht ginn.

Eenzeg Ausnam ass, wann d’Dokumenter scho prett gemaach goufe fir ze plënneren.

Et war den Nationalarchiven awer wichteg, datt d’Salle de lecture esou séier wéi méiglech opmaache géing. Vill Chercheure sinn drop ugewisen a mussen och hir Aarbechten ofschléissen. Deene wollt ee keng Steng an de Wee leeën, betount d’Josée Kirps.

Plaz fir 100 Kilometer Dokumenter 

Allgemeng schaffen d’Nationalarchiven och un hiren digitale Prozeduren. Nieft dem Online-Reservéiere vun Dokumenter soll och d’Personal sur place méi digital schaffen.

“Dat ass e groussen Opwand, deen hanner de Kulisse geschitt, wou mir hoffen, datt et dem Lecteur herno entgéintkënnt, well et méi einfach gëtt.”

100 Kilometer Archive ginn et am neie Gebai. D’Josée Kirps erkläert, datt am Archivwiesen ëmmer a Kilometer gemooss gëtt.

“Wann een d’Dokumenter dat eng nieft dat anert stellt, géing een op dee Kilometrage kommen.”

Insgesamt besetzt d’Archiv 46 Kilometer un Dokumenter. Et ass also nach genuch Plaz fir d’Zukunft do. Ausserdeem kéint een d’Saachen elo bëssen aneschters sortéieren a raumen, ënnersträicht d’Direktesch vun den Nationalarchiven.

De Pabeier dominéiert ... nach

Si betount awer och, datt een Archiv der Zäit ëmmer hannendru leeft. Dat bedeit, datt aktuell nach ëmmer villes op Pabeier erakënnt, an nach net esou vill Digitales.

“Mir huelen elo déi Dokumenter eran, déi virun 10, 15 Joer erstallt gi sinn. Iergendwa komme mir op de Punkt, wou Pabeier ofhëlt a wou mir warscheinlech nëmmen nach digital Saachen erakréien. Mee momentan nach ganz vill Pabeier. Bon, dat ass natierlech och duerch d’Archivgesetz esou, wou d’Administratiounen dat mussen ofliwweren.”

Dokumenter digital ze archivéieren ass awer net onbedéngt méi einfach, wéi dat op Pabeier ze maachen, seet d’Josée Kirps. Et misst ee sécherstellen, dat déi Supporten, op deenen alles gespäichert ass, och an Zukunft nach gelies kënne ginn.

“Dat ass eng Evolutioun, wou een och Spezialiste brauch, wou ee muss gutt oppassen, wat ee wéi conservéiert, fir datt se ëmmer accessibel bleiwen.”

RGPD-Reegelen: Frust bei Chercheure bleift weider net aus

Accessibel sinn awer net ëmmer all Dokumenter, och wa se gutt archivéiert sinn. Dat suergt dacks fir Frust bei de Fuerscher.

Beispill: Wa perséinlech Donnéeën drastinn, da gëllen deels laang Fristen, éier d’Dokument accessibel gemaach dierft ginn – zum Beispill x Joer nodeems déi lescht Persoun, déi am Dokument ernimmt gëtt, gestuerwen ass.

Virum RGPD vun 2018, also den EU-Dateschutzreegelen, wier dat méi einfach gewiescht, gëtt och d’Direktesch vun den Nationalarchiven zou. Si kann de Frust vun de Chercheuren novollzéien, well déi dacks Delaien anhale mussen. Et kënnen Derogatiounen ugefrot ginn, déi an der Reegel och ugeholl ginn, mee och hei kënnt et zu laangen Delaien.

“Mir mussen dann erausfannen, wéini déi lescht Persoun gestuerwen ass. (...) Dat ass enorm vill Aarbecht.”

Dës Delaie sollen awer iwwerschafft ginn, fir datt d’Fuerscher net méi esou laang waarde mussen.

Nofollgerin vun der Josée Kirps gëtt iwwerdeems d’Corinne Schroeder.

Lauschterenplay_arrow