Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Tomaso Albinoni - Sinfonia, La Starita - La Serenissima, Red Priest

play_arrow Live
opus

/ Den Handyverbuet ass näischt Neies fir vill Schoulen a Maison-relaisen am Land

Keen Handy an de Schoulen

Den Handyverbuet ass näischt Neies fir vill Schoulen a Maison-relaisen am Land

Ab haut gëllt landeswäit den Handyverbuet a Schoulen a Maison Relaisen. Dëse gouf leschte September vum Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt. A verschiddene Gemengen huet deen neie Reglement awer keng grouss Ëmstellung mat sech bruecht.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© picture alliance / M.i.S. | M.i.S.-Sportfoto play_arrow
(Foto: picture alliance / M.i.S. | M.i.S.-Sportfoto)

D’Gemeng Beetebuerg hätt schonn zanter ronn 15 Joer en Handyverbuet an de Schoulen, seet de Carlo Muller, Schoulpresident vun der Sonneschoul zu Näerzeng. D’Sonneschoul hätt am Mee vum Joer 2009 e Verbuet am Gebai agefouert, deen op dem Reglement Grand-Ducal vum selwechte Joer baséiere géif. Wärend der Schoulzäit dierft deemno keen Handy vun de Schüler gebraucht ginn an dat och net wärend de Pausen, erkläert de Carlo Muller. Een Infosziedel iwwert déi nei Reegele wier deemools och un d’Elteren ausgedeelt ginn.

De Schoulpresident ass der Meenung, datt de Verbuet vum Handy a Schoule scho viru 15 Joer selbstverständlech gewiescht ass. Et hätt ee sech awer mat de Joer och missen upassen un d’Zäit. Déi sougenannt Smartwatchen hätten dozou gefouert, datt d’Formulatioun vum Handyverbuet an der Schoul geännert gi misst. D’Schoulorganisatioun hätt de Begrëff “Appareil connecté” agefouert, fir an Zukunft all Apparat mat de selwechte Funktionalitéite vum Handy mat an ze begräifen.

Den Handy 100 Prozent evitéiere geet net

D’Problematik vun de Smartwatche wier och de 15 Maison Relaise vum Grupp Elizabeth opgefall, betount de Michel Schenk, den Direkter vum Kanner- a Jugendberäich vum Grupp. Den Handy wär an hiren Haiser generell net erlaabt, déi Auere missten awer och mat an de Calcul kommen, well si déi selwecht Funktioune wéi den Handy hunn. Den Direkter seet awer och, datt een de Kanner den Handy net einfach wechhuele géif. Et wier ee géigesäitegt Verständnes do.

D'Verbuet vu Smartphones an anere connectéierten Apparater géif och fir d’erwuessent Personal, wat an de Grondschoulen a Maison-relaise schafft gëllen. D'Ëmsetzung wier awer schwiereg, seet de Michel Schenk.

"Alles, wat elo déi professionell Saachen ugeet, souwuel Tablett oder Handy, dat bleift net ganz aus, fir do souwuel Presenzen ze retracéieren oder wann Elteren uruffen oder wann d'Direktioun urifft. Dat kritt een net 100 Prozent evitéiert, mee wichteg ass och de Kanner dat ze erklären a mam gudde Beispill virzegoen."

Kanner sollen och ouni Handy eens ginn

An der Haaptstad géif een och nom Prinzip verfueren, datt den Handy nëmme fir professionell Zwecker benotzt gi soll. D’Kanner wieren och zënter Joren ugehalen op d’Notzung vum Smartphone ze verzichten. D’Schoule géifen de Regionaldirektiounen an dem Educatiounsministère ënnerstoen an d’Gemeng wier just punktuell bei der Ëmsetzung vum Handyverbuet involvéiert, seet den zoustännegen CSV-Chef Paul Galles.

De Verbuet géif vun der Gemeng begréisst ginn, betount de Paul Galles. Et misst een de Kanner d’Geleeënheet ginn och ouni den Handy eens ze ginn an sech net vum Apparat oflenken ze loossen.

Lauschterenplay_arrow