Radioen

On air

Notturno  |  Francis Poulenc - Sonat fir Gei a Piano, FP 119 - Mari Poll (Gei), Mihkel Poll (Piano)

play_arrow Live
opus

/ D'Joer vun enger enormer Finanzfraude bei Caritas Lëtzebuerg

Réckbléck

D'Joer vun enger enormer Finanzfraude bei Caritas Lëtzebuerg

2024 wäert ville Leit zu Lëtzebuerg als d‘Joer vun der Caritas-Affär an Erënnerung bleiwen. D'Hëllefsorganisatioun krut 61 Milliounen Euro geklaut. D'Sue si bis haut verschwonnen an dowéinst ass d'Caritas um Enn vum Joer och net méi dat, wat se virun 12 Méint nach war.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

Caritas | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Vill national an international Aktivitéite goufe gestoppt, oder goufen un aner Associatiounen ofginn. Den 1. Oktober gouf déi nei asbl HUT gegrënnt, déi vill national Aktivitéiten iwwerholl huet.

D‘Fondatioun Caritas a Caritas Accueil et solidarité kämpfen a kéinten all Moment a Liquidatioun goen, well eng Rei Fournisseuren nach net bezuelt gi sinn an nach e puer Paie misste bezuelt ginn. Ënner anerem och déi vun der Nach-Finanzdirektesch. Dës Entitéiten hunn eventuell nach Sue vum Staat ze gutt, mee bis haut weess nach keen, ob a wéi vill Suen dat sinn.

Caritas Jeunes et Famille déi ënner anerem Crèchen a Maison-relaise bedreift a bei där ronn 750 Leit schaffen, ass net betraff.

Pist vun der fraude au président gëtt weider privilegiéiert

D‘Finanzdirektesch huet jo ronn 125 Virementen a Spuenie gemaach a seet vun Ufank un, si wier erageluecht ginn a si bleift och bei hirer Linn. Effektiv krut si vun enger Gmail-Adress Emaile vun engem falsche Marc Crochet, iwwer eng geheim Operatioun, iwwer déi si net schwätze soll.

D‘Justiz hat scho fréi kommunizéiert, datt alles op eng Fraude au président géif hindeiten.

D‘Journalisten déi beim radio 100,7 um Dossier Caritas schaffen, stelle sech awer nach ëmmer d‘Fro, ob d‘Finanzdirektesch an aner Leit net awer kënne Complice gewiescht sinn vun engem internationale Reseau.

Egal wéi, si ass inculpéiert, huet d‘Viremente gemaach an domat der Caritas enorm geschuet. Si huet also egal wéi hir Responsabilitéit.

D'Sue si wuel fort

Déi 61 Milliounen Euro déi geklaut goufen, schéngen op allefall fir ëmmer fort ze sinn, bis elo si keng Suen erëmkomm. Virun zwee Méint hat de Parquet an engem Communiqué matgedeelt, datt 8.200 Finanztransaktiounen a Relatioun mat der Fraude konnten identifizéiert ginn.

Et gëtt wéineg Leit déi dru gleewen, datt déi Suen erëm kommen.

D'Banke sinn op zwee Voleten direkt concernéiert: Engersäits hunn d'Spuerkeess an d'BGL déi 125 Virememten an Héicht vun 61 Milliounen Euro a Spuenie matgemaach. Si hunn zwar och mol bei der Finanzdirektesch nogefrot, ob si déi Viremente kéint confirméieren, mee doriwwer eraus gouf et keng Iwwerpréiwungen.

Wien dréit wéi eng Verantwortung? 

Obwuel ëmmer nees Konten a Spuenien optauchen, héich Zommen, a Konten déi net deenen Associatioune gehéiert hunn, déi d'Finanzdirektesch uginn huet. Och déi spuenesch BBVA kann hei belaangt ginn.

Et stellt sech och weider d‘Fro no de Kreditlinnen an Héicht vun 33 Milliounen Euro déi gezu goufen. D'Caritas hat keng 61 Milliounen Euro um Kont, mee manner wéi 30 Milliounen. Wéi déi fort waren, huet d'Finanzdirektesch bei der BGL a bei Spuerkeess Kredittlinnen an Héicht vun 33 Millioune gezunn, fir nach méi Sue kënnen a Spuenien ze iwwerweisen. Do stellt sech d'Fro, ob déi Kreditlinnen hätten dierfe gezu ginn, zum Beispill ob se valabel signéiert gi sinn, oder net.

D'CSSF an d‘EZB maachen hir Analys an hire Rapport am Laf vun den nächste Méint. An da wäert sech séier erausstellen, ob d'Banken, oder d'Caritas d'Argumenter op hirer Säit hunn. 

Wéi kann dat ausgoen?

Et gëtt elo verschidde Optiounen: Entweder mécht d‘Caritas eng Plainte géint d‘Banken, oder d‘Banke maachen eng Plainte géint d‘Caritas, oder et gëtt een Arrangement fonnt, well ee feststellt, datt op méi Säite Feeler geschitt sinn.

Haut ass op allefall nach net kloer, ob d‘Caritas déi 33 Milliounen Euro Kreditlinne muss zeréckbezuelen. Dat wäert och vill vum CSSF-Rapport ofhänken, a wéi déi verschidde Säite sech positionnéieren. D'Fraude bei der Caritas wäert also och nach am Joer 2025 beschäftegen.

Lauschterenplay_arrow