Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
opus

/ D'Kinnigin aus der Loft

KLASSIK AKTUELL

D'Kinnigin aus der Loft

Déi historesch Figur Amelia Earhart erwächt an enger neier Oper vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic zum Liewen.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow
Quell: culutre.lu

Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwert den Atlantik geflunn.

D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel "United instruments of Lucilin". D'Opféierung ass den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad.

D'Albena Petrovic schreift awer net nëmmen Operen. Si ass grad erëm vun New York, wou e Concerto vun hir an der Carnegie Hall opgefouert gouf...

Lauschterenplay_arrow