Sondage vun de Südgemengen

D’Leit am Minett si gär am Minett

E Sondage vun 11 Südgemengen huet erginn, datt 79 Prozent vun de Leit, déi am Minett liewen, d’Liewensqualitéit do gutt fannen. Allerdéngs fënnt och bal d’Hallschent vun den Awunner:innen, datt den Image vum Minett bei Leit vun ausserhalb schlecht ewechkënnt.

auto_stories

2 min

© Tobias Mandt
(Foto: Tobias Mandt)

De Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, de Christian Weis (CSV), weist sech zefridde mat de Resultater vun der Ëmfro. Him gefält besonnesch, datt 86 Prozent vun de Leit am Minett, scho méi wéi 10 Joer do liewen. Säi Fazit: Wann d’Leit kommen, bleiwe se meeschtens och. Mee firwat hunn déi 11 Gemengen aus dem Lëtzebuerger Süden dee Sondage iwwerhaapt lancéiert?

"Et war d’Fro, ob déi Prioritéite fir d'Entwécklung vun der Zukunft vum Minett, ob dat déi selwecht sinn, wéi mir eis als Politiker ginn, wéi mer eis als zesumme mam Ministère de l'amenagement du territoire fir de Minett ginn, ob dat deem gerecht gëtt, wat dann och d'Leit tatsächlech empfannen."

Hannergrond ass en Aarbechtsprogramm vun de Südgemengen, wéi een de Plan directeur vum Aménagement du territoire an deenen 11 Gemengen ëmsetze kann, esou de Christian Weis.

De Christian Weis | © Ana Angel
De Christian Weis (Foto: Ana Angel)

Leien d’Prioritéite vu Politik an de Leit beieneen?

Der Etüd no, intresséiert d’Minetter:inne virun allem d’Theemen abordabele Wunnengsraum oder och d’Natur an d’Ëmwelt. Déi zwee Punkten, wéilt een elo am Plan directeur méi schwéier gewiichten, seet den Escher Buergermeeschter.

"82 Prozent déi soe beispillsweis: Et mussen och rëm méi Gréngflächen an den urbane Raum kommen. Dat am Kader vun der Resilienz, dat vun der Upassung vum Klima. Dat ass zum Beispill eppes, wat dann och ganz konkreet, mengen ech, elo an eis Ëmsetzung vum Aménagement du Territoire an eis PAGen an d'Gemengen nach eng Kéier méi bewosst kann erafléissen."

A wat den abordabele Wunnraum ugeet?

"Dat ass zum Beispill eng Erkenntnis, wou ee muss soen, mir hunn iwwert vill Sujeten am Poursuite ëmmer geschwat, de Logement war ëmmer e bëssen eppes wat ënnergaangen ass, an hei ass e ganz klore Message, dass mer als Poursuite tëschent den eelef Gemengen och do eng Koordinatioun solle virhuelen, dass mer do tëschent de Gemengen och sollen de Sujet logement zesummen ugoen."

Dofir sinn d'Gemengen och a reegelméissegem Austausch. Et géif een och deels kucken flott Projeten mateneen ze verbannen, oder sech inspiréieren ze loossen, esou nach de Christian Weis.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Escher Buergermeeschter Christian Weis